LSAP reprochéiert Regierung Etiketteschwindel
Zanter 8 Méint ass d'LSAP an der Oppositioun. An deenen 8 Méint hu sech schonn eng ganz Partie Kritikpunkten opgestaut.
"Et ass ganz schwéier, Oppositiounspolitik ze maachen op vagen Annoncen", betount d’LSAP-Vize-Fraktiounspresidentin Paulette Lenert. Tempo wier eppes anescht an d'Regierung soll Ophale mat deem Gepiddels huet et an hirem Discours virun der Press geheescht.
D’Fraktiounspresidentin Taina Bofferding huet e grafft Bild gezeechent, wéi d'Oppositioun op déi aktuell Regierung kuckt. Déi "konservativ liberal Ideologie" wier kloer ze erkennen. Eng Approche, déi een als geféierlech fir d’Zesummeliewen an déi sozial Kohesioun jugéiert. Zanter dass de Luc Frieden, als selwer ernannte CEO vun der Firma Lëtzebuerg, Premier wier, géinge sech Skandaler heefen. "Ech verweisen hei op d'Causa Meisch, Gloden, Lies, Beissel, Knaff. All dëst dréit sécherlech net dozou bäi, dass d'Politikverdrossenheet méi kleng gëtt", ënnersträicht d'Taina Bofferding.
Politesch géing sech d'Regierung op e schlanke Staat konzentréiert, mat engem staarken Akzent op d’Sécherheetspolitik, wou déi Äermst verfollegt ginn. Doriwwer eraus géing sech op d'Triple Down Economie beruff ginn, mat der Hoffnung, dass dës géing anescht wéi an anere Länner funktionéieren.
Reproche vun Etiketteschwindel
"Mir erkennen an deenen 8 Méint ganz kloer Etiketteschwindel op Klengegkeeten, awer och op méi grousse Prinzippien", mengt d'LSAP-Vize-Fraktiounspresidentin Paulette Lenert. Dës Regierung hätt sech zwou Prioritéiten op de Fändel geschriwwen: D'Aarmutsbekämpfung an d'Bekämpfung vun der Logementskris. Ugefaange mat der Logementskris, déi struktureller Natur ass. Wann een hei géing kucken, wat geliwwert ginn ass, da géing een erkennen, dass de Problem net géing bei der Wuerzel ugepaakt ginn. Déi lescht Regierung hätt eng ganz Rei Instrumenter mat op de Wee ginn, vun deenen een näischt méi géing héieren. "Et ass eng Politik, déi zréckkënnt op Rezepter vu fréier, wou den Invest nees ugekuerbelt gëtt. Eng Politik, déi Steiergelder bei Leit bréngt, déi es eigentlech hunn", sou d'Paulette Lenert. D'LSAP erkennt an dësem Dossier e klore Réckschrëtt.
De gréissten Etiketteschwindel wier awer dee par rapport zu der Aarmutsbekämpfung. "Déi éischt Prioritéit vun dëser Regierung, dat ass eng propper Stad gewiescht", betount d'Vize-Fraktiounspresidentin. Eng Stad, wou een déi arem Leit net gesäit. Wat awer vun der Regierung komm wier zu der Aarmutsbekämpfung wier en eidelt Blat, wat een deemno net emol kéint evaluéieren. Et wier net emol bekannt wéini eng Strategie soll kommen.
Fréier Fuerderunge géingen net méi ugepaakt ginn
Déi fréier Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet dann och nach d'Gesondheetspolitik kritiséiert. Villes wier vun de Regierungsmembere gefuerdert ginn, wou se nach an der Oppositioun waren. Zum Beispill e Pandemiegesetz, eng Maison médicale am Osten oder eng Gesellschaft fir Dokteren. Elo géing een héieren, dass dat net méi prioritär wier oder net machbar wier. "Dat ass schonn e bëssen de Geck mat de Wieler gemaach", sou de Constat vum Paulette Lenert. Vill wier kritiséiert ginn, ma an der Zäit an der Oppositioun wuel net vill preparéiert. Et wier kee Plang do. Soss hätt een net missen esou vill zeréckrudderen.
Kritiséiert gouf dann och nach de Chamberpresident Claude Wiseler, deen a senger Untrëttsried gesot huet, dass d'Parlament dat stäerkst Parlament géing ginn, wat et jee gouf. "Elo stelle mer fest, dass et eigentlech nëmme bei de schéine Wierder bliwwen ass, well eis Aarbecht kënne mer esou net wierklech maachen", seet d'Taina Bofferding. Et géing sech net un d'Plage fixe vun de Kommissiounssëtzunge gehale ginn, an Delaie géingen ignoréiert ginn. Ausname géingen zur Reegel ginn.
Villes wier ouni Resultat vun der neier Regierung annoncéiert ginn. "Mir kruten annoncéiert, dass d'Reform vum Code pénale géing Kloerheet schafen, fir de Mëssel ronderëm d'Heescheverbuet ze klären", seet d'Paulette Lenert. De Summer wier do, passéiert wier nach näischt. Dat selwecht géing fir d'Direktiv vum Mindestloun gëllen, oder och fir d'Simplification administrative fir de Parquet.