Detailer no Asaz am BamerdallUSP war wéinst Verdacht op Schosswaffebesëtz op der Plaz

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend gouf et e Policeasaz am Bamerdall. Wéinst dësem war d'N7 ZU Dikrech vun 18 Auer bis ëm 21 Auer gespaart.

Elo huet d'Police Detailer zu den Hannergrënn vum Asaz matgedeelt: Géint 18 Auer goufen d'Beamten an eng Residence an der Rue Bamerdall geruff, wéinst enger Meldung vun Aggressioun an ze vill Kaméidi. Nodeems d'Polizisten un der Dier geklappt hunn, hu se e Geräisch héieren, wéi wann ee mat enger Schosswaff géif hantéieren. Doropshin gouf direkt d'Spezial-Unitéit geruff. D'Residence gouf sécherheetshallwer evakuéiert an e Sécherheetsperimeter ageriicht. Den Awunner, ëm deen et sech gehandelt huet, gouf schliisslech op Uerder vum Dikrecher Parquet verhaft an huet en Donneschdeg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter. A senger Wunneng goufen zwou Airsoft-Pistoule saiséiert. Kuerz virun 21 war den Asaz eriwwer. D'N7 war wärend dem Asaz temporär gespaart.

USP war wéinst Verdacht op Schosswaffebesëtz am Bamerdall am Asaz
E Mëttwoch den Owend gouf et e Policeasaz am Bamerdall. Wéinst dësem war d'N7 vun Dikrech a Richtung Bamerdall vun 18 Auer bis ëm 21 Auer gespaart.

Back to Top
CIM LOGO