Alia-Verwaltungsrotpresident Thierry Hoscheit stellt säi Posten zur Verfügung
Dat an engem Bréif un déi responsabel Ministere Frieden a Margue. Et ass de Récktrëtt vum 15. September un.
Am 4 Säite laange Schreiwes, dat RTL virläit an iwwert dat d'Wort fir d'éischt geschriwwen hat, seet den Thierry Hoscheit ënnert anerem, datt hien absolut net d'accord mat der Prozedur ass, wéi déi nei Alia-Direktesch rekrutéiert ginn ass.
De Verwaltungsrot vun der onofhängeger Autoritéit fir den audiovisuellen Secteur krut dann och nëmmen dës Persoun presentéiert, déi si als nei Direktesch z'aviséieren hat - eng Nominatioun, déi nach am Ministerrot muss guttgeheescht ginn.
D'Alia gouf 2014 gegrënnt- zanterhier war den Thierry Hoscheit de President - deemno kritt dës Instanz lo am September mat engem neien Direkter an engem neien President eng komplett nei Gouvernance.