Nieft de Bloalge sinn och d'Fësch, déi et neierdéngs an der Péitruss gëtt, Thema am Reportage.

Knapp 30 Grad a Sonn puer. Dat hate mir dëst Joer nach net dacks. Mä an der grousser Vakanz gëtt et bestëmmt super. Just, dass mir eis da wéinst Bloalgen awer net dierfen am Stau ofkillen, oder? Den Direkter vun der Waasserverwaltung erkläert, firwat de mëlle Wanter dozou gefouert huet, dass mir och dëst Joer nach eng Bloalge-Plo kéinte kréien.
 
An der Péitruss ware mir bei enger elektrescher Befëschung dobäi. D’Fëschziichter vun der Waasserverwaltung setzen d'Waasser liicht ënner Stroum. Doduerch kréien d’Fësch den Tommel an et kann ee si fänken an esou kucken, wéi vill verschidde Fësch an der Baach schwammen. Dat seet eppes aus iwwer d'Qualitéit vum Gewässer.
 
Am Reportage kucke mer och, firwat vill vun eise Gewässer a kengem gudden Zoustand sinn a wat nach muss gemaach ginn, dass d'Situatioun sech verbessert.