D'Maison du Grand-Duc kritt eng nei Bedeitung. Op d'mannst fir d'ierfgroussherzoglech Koppel, déi an en Neibau investéiert.

Fir d'Kanner vun der Koppel an engem intimen, zäitgeméissen a familljefrëndlechen Ëmfeld opwuessen ze loossen, gëtt nämlech um Site vum Schlass zu Colmer-Bieg gebaut.
 
Wéi et an engem perséinleche Schreiwes vum Ierfgroussherzog heescht, huet de Grand-Duc säin Accord ginn, fir dës Dependance nieft dem Schlass ze bauen. Et gëtt preziséiert, datt den Neibau duerch eege Mëttele finanzéiert gëtt an deemno keng ëffentlech Suen investéiert ginn. Och géif sech un all gesetzlech Konditioune gehalen, heescht et weider, iwwerdeem d'Schlass Bierg seng Funktioun als Aarbechtsplaz vu Grand-Duc an Ierfgroussherzog behält.
 
De Prënz Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie sinn houfreg Elteren vun de Prënze Charel a François a wunnen aktuell am Schlass zu Fëschbech.

Den 8. Oktober gëtt den Ierfgroussherzog Guillaume um Dag vun der Chamber-Rentrée als Lieutenant-Représentant um Krautmaart vereedegt.

RTL