"Mir si frou, dass dann de Prënz Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie hei wunnen"
Bis ewell läit just e Croquis vir, ma et wier ee frou, esou gutt mat der ierfgroussherzoglecher Famill um Projet kënnen ze schaffen.
Dat sot d'Buergermeeschtesch Mandy Arendt zu der Realisatioun vun enger neier Dependance um Terrain vum Schlass zu Colmer-Bierg. Fir de Bau iwwerhaapt kënnen unzefänken, mussen awer de PAP an de PAG ugepasst ginn. Éischt Schrëtt dofir goufen unanime am Gemengerot d'lescht Woch guttgeheescht. Vun dëser Woch u kënnen d'Awunner vu Colmer sech ausdrécken. 30 Deeg hunn d'Leit dofir Zäit. Éischt Retouren un d'Buergermeeschtesch wiere ganz positiv.
"D'Leit si frou, dass mir dann de Prënz Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie hei wunnen hunn", esou d'Mandy Arendt am RTL-Interview. D'Leit wiere sech och bewosst, dass déi ierfgroussherzoglech Famill hir Kanner anescht wëll erzéien, ewéi si vläicht selwer erzu gi sinn. Dat wier am Zäitgeescht a géing gutt bei de Colmer Leit ukommen", esou d'Buergermeeschtesch.
Bis awer kann ugefaange gi mat bauen, kann et nach daueren, och wann de Gemengerot gréng Luucht ginn huet, fir dass de PAG an de PAP kënnen adaptéiert ginn. Eleng déi Adaptatioune géingen an der Reegel eng 3 Méint daueren. An duerno muss déi ierfgroussherzoglech Famill eng Demande un d'Gemeng areechen. Ma si wier awer ganz zouversiichtlech, dass dat alles klappt, esou nach d'Mandy Arendt.






D'Dependance soll optesch zum Schlass passen
Den Terrain, op deem och d'Bierger Schlass steet, gehéiert dem Staat. Ma eng Zort Bail Emphythéotique fir drop ze bauen, brauch déi ierfgroussherzoglech Famill awer net, erkläert d'Buergermeeschtesch. D'Demande fir den Terrain unzepassen wier och vum Staat selwer komm an och wann de Prënz Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie net méi do sollte wunnen, géing d'Haus ëmmer nach am Besëtz vun der groussherzoglecher Famill bleiwen. Den Ierfgroussherzog hat jo an sengem Schreiwes präziséiert, mat eegene Mëttelen an net mat ëffentleche Suen, d'Dependance wëllen ze bauen.
Och wann nach keng Baupläng virleien, esou nach d'Mandy Arendt, wier et scho ganz kloer, dass dat neit Gebai am Styl vum Bierger Schlass soll gehale sinn. Dat war souwuel der Gemeng, wéi och der groussherzoglecher Famill wichteg.
Ma och fir déi nächst Etappe wëll d'Gemeng weider enk mat der Ierfgroussherzoglecher Famill um Projet schaffen an d'Bierger vu Colmer-Bierg och mat abannen. Enn Juli soll et an deem Kader eng Informatiounsversammlung ginn.
Den 31. Juli um 19 Auer gëtt am Centre Culturel zu Colmer-Bierg d'Modifikatioun vum PAP/PAG virgestallt.