Am Juni ware 17.083 Leit zu Lëtzebuerg ouni eng Aarbecht
Symbolbild
Wéi d'Adem matdeelt, wieren Enn Juni dëst Joer 1.750 méi Persounen op der Sich no enger Schaff gewiescht ewéi zejoert ëm dës Zäit.
Weider geet aus dem Schreiwes vun der Adem ervir, dass d'Zuel vun de Leit, déi eng Aarbecht sichen, bei de Persoune mat engem Universitéitsdiplom an an der Kategorie vun de Persounen tëscht 30 a 44 Joer am stäerkste geklommen ass.
Wat d'Beruffsgruppen ugeet, ass de Chômagetaux an der Constructioun, der Installatioun a Maintenance, dem Transport an der Logistik, dem Finanzsecteur, dem Horeca, der Comptabilitéit an an der Informatik am stäerkste geklommen.
De Chômagetaux fir d'ganzt Land louch am Juni bei 5,7 Prozent an ass domat géigeniwwer dem Mee stabil bliwwen.
D'Employeuren hunn am Laf vum Juni 3.090 fräi Plaze bei der Adem deklaréiert. Dat waren 11,7 Prozent manner ewéi am Juni 2023.