Zwee alkoholiséiert Männer sinn e Méindeg de Moie géint 4 Auer op d'Kommissariat an der Stad komm, fir e geklauten Auto ze mellen.

Et sollt sech awer erausstellen, dass dësen net geklaut gouf, ma ofgeschleeft gouf. Si kruten erkläert, dass se den Auto nees kéinte siche goen, soubal se niichter wieren. No enger längerer Diskussioun si se du gaangen, ma et sollt net fir laang sinn. Si sinn nämlech kuerz drop virun e Policeauto gesprongen, dee laanscht se gefuer war. 
Well se eng Gefor fir sech an Drëttpersounen duergestallt hunn, gouf decidéiert se an de Passagearrest ze bréngen. Dat huet deenen zwee awer net gefall a si hunn ugefaangen ze randaléieren.

Bei béide gouf Haschisch séchergestallt grad ewéi eng Partie Pëllen. Si hunn de Rescht vun der Nuecht an der Ausniichterungszell verbruecht.