Et ass bal net ze gleewen, an awer ass seng Geschicht wuel keen Eenzelfall. Mir hu mat enger Persoun geschwat, déi Affer vu "Spoofing" gouf.

Bei dëser Bedruchsmasch benotze Krimineller Lëtzebuerger Telefonsnummeren, fir sech als Bank oder Luxtrust auszeginn. D’Affer huet an dësem Fall 30 000 Euro verluer, an d’Chance déi erëmzekréien, si ganz kléng. 
 
Dass de Pit* selwer jeemools Affer géif ginn, hätt hien ni geduecht. Hien ass am mëttleren Alter a beschreift sech selwer als éischter mësstrauesch.

Virun engem Mount kritt hien e fake Message vu Payconiq: Säin Zertifikat wier ofgelaf, hie misst seng Bankdonnéeën nei aginn. Dat mécht hien als éischt, erënnert sech dann awer drun, dass a leschter Zäit vill esou falsch Messagen den Tour maachen, also léisst hie seng Visa-Kaart spären. Owes gëtt, hien da vun engem falsche Luxtrust-Mataarbechter ugeruff:

"Dunn huet e mech direkt ënner Drock gesat, nodeems e mir gesot huet, et hätt ee schonn zwee Payementer gemaach am Ausland op engem spuenesche Site mat menger Visa-Kaart. Du seet en zu mir: 'ech ginn iech elo e Link, da gitt Dir op Är privat Mailen, da klickt Dir op dee Link, an da geet eng Säit op vun eis, vu Luxtrust, an do géif ech Iech dann invitéieren, Âr Coden anzeginn, well ech bestellen Iech zwou nei Kaarten.'". 

Spoofing net ze ënnerbannen

De Pit gëtt Affer vu sougenanntem Spoofing. Héchstwarscheinlech sëtzen d'Täter am Ausland. Iwwert eng Software generéiere si Lëtzebuerger Telefonsnummeren, an iwwert speziell Telefone kënne si déi Nummeren op den Displaye vun hiren Affer uweise loossen, wéi de Steve Muller vu Bee Secure erkläert: "Normalerweis ass dat och net méiglech hei am Land mat enger falscher Nummer unzeruffen, well Ären Operateur gesäit, dass déi Nummer net bei déi Simkaart passt, an da blockéiere si dat, mä an anere Länner ass dat net."

Dobäi kënnen déi ugewisen Handysnummeren duerchaus zoufälleg enger Persoun zu Lëtzebuerg gehéieren, déi dann natierlech aus alle Wolleke fält, wa se zeréckgeruff gëtt.

Nëmmen den Telefon opzehiewen, geet awer net duer, fir gehacked ze ginn.  Verschidde Provider schaffen aktuell un engem Filter, fir esou Appeller z'erkennen, ma nach gëtt et do keng Léisung. Aktuell schützt also nëmmen de gesonde Mënscheverstand.

Police: Wéineg Chance, d'Täter z'erwëschen

Och d’Police warnt. Keng Lëtzebuerger Firma, Police oder Bank kontaktéiert d'Leit, fir iwwer Telefon Donnéeën ze kréien. D'Täter duerno ze erwëschen, wier bal onméiglech, erkläert de Marc Ragnacci vum Preventiounsservice:

"D'Méiglechkeete sinn do ganz ganz kléng. Natierlech mir hunn eis spezialiséiert Enquêteure vun der Police vun der Police Judiciaire, Cybercrime, Crime general, Anti-Blanchiment. Mä d'Täter operéieren aus dem Ausland, a fir eis ass et da schwéier, iwwert de Parquet dann do zu engem Resultat ze kommen."

D’Police geet dervun aus, dass esou Arnaquë weider wäerten zouhuelen. Allgemeng wieren d’Bedruchsdelikter d’lescht Joer ëm 30 Prozent an d'Luucht gaangen. Eenzel Zuele reng zum Spoofing ginn et awer keng.

Affer: "Ech hu mech oflenke gelooss wéi en Ufänger"

D'Hacker beschwätzen de Pit bal zwou Stonne laang. Si wieren u sech sympathesch gewiescht, an him fält net op, dass Luxtrust a Payconiq näischt mateneen ze dinn hunn, an dass Luxtrust och keng Bankkaarte späert oder neier erausgëtt. Ausserdeem gëtt et bei Payconiq keen Zertifikat, dat oflafe kéint.

De falsche Mataarbechter iwwerriet de Pit trotzdeem, och seng zweet Bankkaart plus Token spéit owes un e vermeintlechen zweete Mataarbechter ofzeginn. Fir d'Affer ze berouegen, schéckt de Kriminellen dem Pit en extra Code per SMS, deen hien als Sécherheet soll hunn. Eréischt wann déi aner Persoun him de richtege Code nenne géif, sollt hien d’Kaarten iwwerreechen.

"Dunn hunn ech him dat einfach esou an de Grapp ginn, a vun deem Dag owes ass meng Applikatioun vun der Bank net méi gaangen. Si hu mir och gesot, dass si dat géinge blockéieren, fir dass d’Brigange keen Accès méi hunn. Mä hie selwer war de Brigang."
 
Dee selwechten Owend ginn 10.000 Euro um Bankomat opgehuewen, 20.000 Euro ginn an d'Belsch an a Frankräich iwwerwisen. D'Bank stoppt ee weidere Virement vu bal 10.000 Euro a Spuenien. Ma eng Assurance gëtt et hei net, de Pit ass selwer dofir responsabel. Hien huet zwar eng Plainte gemaach, mä vill Hoffnung gëtt et net, well déi Konten am Ausland zimmlech sécher iwwer falsch Nimm lafen. Déi Sue sinn also héchstwarscheinlech fort. Firwat hien dorop eragefall ass, kann hie sech net wierklech erklären. Ëmmer erëm hat hien Zweiwel, ma de falsche Mataarbechter hätt op all Fro eng, fir hien an deem Moment, plausibel Äntwert gehat: "Ech hu mech wierklech oflenke gelooss, wéi en Ufänger!"

*Numm vun der Redaktioun geännert