Baukultur och am Wuesstem erhalen
Wou ee Gebai verschwënnt, verschwënnt och seng materiell Geschicht.
Al Gebaier, déi ënnert Denkmalschutz stinn, ginn dacks historesch net gerecht ëmgebaut oder komplett ofgerappt. De Virwand: Prozedure vereinfachen, fir méi séier a manner komplizéiert ze bauen. De Wäert vun der Kultur gëtt beim Argument, "mir brauche Logement", dacks vergiess.
E Gebai um Lampertsbierg mat enger Fassad an desolatem Zoustand. De Responsabele fir dëse "professionelle Vandalismus": eng Baufirma. Dat beschiedegt Gebai koum a Fro fir eng "Demande de classement". De Kulturministère wollt den Dossier op Äis leeën. D'Fassad vum Gebai war dee Moment awer schonn amgaang, ofgerappt ze ginn. Fir de Paul Ewen, President vum Mouvement patrimoniale onverständlech:
"Mir verstinn net richteg wisou an deem Zesummenhang nëmme Wunnen als Funktioun gekuckt gëtt, nëmmen als Investitioun, nëmmen als Croissance-Element an net als ee kulturellt Element. 'Baukultur' ass d‘Stéchwuert, erhalen am Wuesstem, firwat dat net een Thema ass, well et ass schlussendlech dat, d‘Kultur, wat eng Gesellschaft zesummen hält."
Fir de Paul Ewen wier dat kee respektvollen Ëmgang mat eisem Patrimoine. An der Ried zur Lag vun der Natioun vum Premierminister Luc Frieden wier och kee Wuert iwwer d‘Kultur gefall, bedauert d'Denkmalschutzfederatioun. Fir de Paul Ewen misst een d‘Logik beim Schutz vun Haiser ëmdréinen.
"Alles schützen a ganz ganz ganz rapid entschützen, well mir sinn eis jo eens, dass 95% vun deene Saachen, déi da geschützt wären, net schützenswäert sinn. Mee iwwert den do Wee hu dir eng Mainmise, e Fouss an der Dier direkt bei der Autorisation de démolution, respektiv de transformation, dann ass de Kulturministère, wier iwwert de Wee direkt informéiert bei all Usaz vun Transformatioun oder Ofrëss. Amplaz der Saach hannendrun ze lafen, lafe mir der Saach virdrun."
Dëst ass keen Eenzelfall. Zu Kielen steet een Haus, wou am Zweete Weltkrich de Sëtz vun der VdB, der Volleksdäitscher Beweegung, war a virdrun eng jiddesch Famill gewunnt huet. De Mouvement Patrimoniale hat eng Demande eragereecht, fir d‘Kultur an d‘Geschicht vum Gebai ze valoriséieren. Bis ewell wéist een net, wou dësen Dossier dru wier, sou de Paul Ewen.