KPMG-Audit iwwert de Science CenterDéck Margen u staatlech finanzéiert ASBL verrechent

Diana Hoffmann
Méi ewéi sechs Mol esou deier verrechent Stonnen. Personal, dat net déi noutwenneg Qualifikatiounen huet, nodréiglech erstallte Relevée vun de Stonnen.

Den Audit, dee KPMG am Optrag vum Educatiounsministère iwwert de Science Center gemaach huet, läit RTL antëscht vir. Virun e puer Wochen hate mer ewell d’Haaptconclusioun gemellt: Nämlech, datt KPMG “Realitéit an d’Tangibilitéit” vun de verrechente Stonnen op den ëmstriddene Rechnungen net konnt confirméieren.

KPMG huet am Optrag vum Educatiounsministère dräi Rechnungen an Héischt vu 1,9 Milliounen Euro gepréift. Déi Rechnungen huet dem Science-Center-Grënner a President Nicolas Didier am Numm vu senger Firma GGM11 Enn 2022 un déi staatlech subventionnéiert ASBL Science Center ausgestallt. Déi déckste vun deene Rechnunge goung iwwert e Montant vun 1,4 Milliounen Euro a war fir d’Planung vun der Phase II vum Ausbau vum Science Center.

Bal d’Hallschent vun där Facture besteet aus de Stonne vun engem eenzege Mataarbechter. Ma et gouf fir dee Mataarbechter keen Timesheet. Dee gouf elo eréischt am Fréijoer erstallt, wéi KPMG dono gefrot huet, an zwar nodréiglech fir d’Joren 2018-2022, also laang nodeems d’Rechnung geschriwwe gouf.

D’Auditeure schreiwen: “En conclusion, bien que l’ancien chef d’atelier de GGM11 soit le premier poste de facturation pour la phase 2 nous ne sommes en mesure de confirmer ni la nature des travaux fournis, ni les volumes horaires prestés.

Doriwwer eraus gouf deem Mataarbechter seng Aarbecht bis zu sechsmol méi deier un de Science Center verrechent, wéi e bei der Privatfirma verdéngt huet. “L’analyse révèle des ratios élévés pour certains de ses employés, avec des taux multiplicateurs supérieurs à 6, sur bas des taux horaires facturés au LSC (…)

D’Auditeure stellen och fest, datt Ingenieurs- a Architekturzerwisser mat engem Tarif OAI a Rechnung gestallt goufen. Dorënner och fir dem Nicolas Didier säi Bouf. Dobäi ass awer kee vun deene Leit beim Ordre des architectes et des ingénieurs agedroen. Si hunn also guer net déi entspriechend Qualifikatiounen. An en Deel vun deenen Zerwisser fir d’Phas II ronn 250.000 Euro, gouf och scho bezuelt, wéi d’Auditeure feststellen.

D’Auditeuren haten dann och Probleemer fir iwwerhaapt z’etabléieren, wien mat wéi engem Kontrakt wou geschafft huet a wéi eng Stonne geleescht huet.

KPMG ënnersträicht, et wier net hiren Optrag ze préiwen, op et steierlech, zivilrechtlech oder penal Konsequenze géif ginn a maachen deemno och keng Ausso an deem Sënn. Och net do driwwer, ob sech de Nicolas Didier beräichert huet oder net. Mä si halen awer fest, datt seng Privatfirma just fir déi staatlech subventionéiert ASBL schafft a sech do déck Margen op Salaire vun de Mataarbechter schléit: “L’existence de ces marges commerciales et le fait que GGM11 n’ait pas d’autres clients posent la question de la pertinence d’un tel modèle.

Op anerer Plaz stellen se a Fro, ob de Nicolas Didier d’Soziallaaschten op sengen nodréiglech ausbezuelte Salairen bezuelt huet. An si stelle fest, datt Stagiairen, déi am Fong keng richteg Pai kruten, Statioune fir an d’Expo gebaut hunn, déi mat grousse Margen un de Science Center verrechent goufen.

Den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) hat an deene Deeg gesot, den Educatiounsministère - dem Science Center seng Haaptsource fir Finanzementer - géif net fir déi Facturen opkommen. D’Inspection générale des Finances hat jo d’lescht Joer scho gewarnt, wann déi Rechnunge bezuelt géifen, géif et e Risiko vu Beräicherung. De Parquet enquêtéiert nach ëmmer.

Den Audit gouf e Méindeg de Mëtten och an der den zoustännegen Chamberkommissioun fir d’Budgetskontroll an d’Educatioun diskutéiert.

Claude Meisch an der Chamberkommissioun: Science Center just nach ouni Nicolas Didier, esou d’Meenung vun den Deputéierten.

Science Center an der Chamberkomissioun
D’Deputéiert an den zoustännege Minister Claude Meisch hunn sech den Audit vu KPMG iwwert de Science Center ugekuckt.

An der Chamberkommissioun fir d’Educatioun an de Budget goung et e Méinden ëm den Audit iwwer de Science Center.

“Nodeems de Luxembourg Science Center d’Konditioune vum Educatiounsministère fir eng Konventioun akzeptéiert huet, wier et un der Asbl dës ëmzesetzen”, sot den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) no der zoustänneger Chamberkommissioun e Méinden de Mëtten.

Besonnesch d’Gouvernance vun der ASBL Science Center stoung am Zentrum vun der Kritik. De Grënner a President vum Science Center Nicolas Didier ass och Generaldirekter. Doriwwer eraus gehéiert him d’Firma GGM11, där hiren eenzegen Optragsgeber d’Asbl Science Center ass.

Op d’Fro, ob den Nicolas Didier nach un der Spëtzt vun der Asbl ze vertriede wier, nodeems him schlechte Management reprochéiert gëtt, huet den Educatiounsminister Claude Meisch fir d’éischt auswäichend geäntwert. D’Member vun enger Associatioun géinge de Verwaltungsrot bestëmmen, an dëse géing dann de Generaldirekter festleeën. Ma eng Konditioun fir d’Konventioun wier, dass eng Persoun net ka souwuel President, wéi och Generaldirekter sinn, an dass de Staat muss zwee Vertrieder am Conseil vum Luxembourg Science Center (LSC) kréien. “Déi wäerten de klore Mandat kréien, dass et gutt wier, an am Interessi vum LSC, dass den Nicolas Didier keng féierend Roll méi wäert spillen”, sou de Claude Meisch.

Extrait Claude Meisch

Aus dem Audit vu KPMG, iwwer deen et an der Kommissiounssëtzung gaangen ass, géingen eng ganz Rei vu strukturellen Dysfonctionnementer ervirgoen, huet de Meris Sehovic (Déi Gréng) ënnerstrach. Et wier zu Surfacturatioune komm. Aarbechtsstonnen hätten d’Firma vum Nicolas Didier (GGM11) manner kascht, wéi dono dem Science Center, an domat dem Staat facturéiert gi wier. “De Staat huet herno siwe Mol méi bezuelt, wéi déi Stonn GGM11 kascht huet”, huet de Meris Sehovic erkläert. D’Fro wier elo, wou all déi Suen higaange wieren? An ob elo zanter 2015 massiv Steiersuen detournéiert gi wieren.

Extrait Meris Sehovic

De Ministère hätt den Dossier bei de Parquet weiderginn, wat géing heeschen, dass d’Saach wuel och nach juristesch Suitte kritt, huet de Franz Fayot (LSAP) betount. Wa sech do géing erausstellen, dass Saache schif gelaf wieren, da géing dat Ganzt och eng politesch Affär ginn, huet den ADR-Deputéierte Fred Keup gemengt. Da misst ee sech nämlech d’Fro stellen, wat de Claude Meisch gewosst hätt a wat en domat ze dinn hätt.

Extrait Franz Fayot

Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot huet sech dann och nach gefrot, ob d’Konditiounen, déi de Ministère dem Science Center gestallt huet, géingen duergoen. Hie fënnt, dass de Minister relativ “lässeg” wier, wann hie seet, dass zwee Delegéiert géingen an der Verwaltungsrot geschéckt ginn. Dat wier e bësse mat oppenem Ausgang, well et keng Garantie wier, dass een dono d’Soen hätt.”Wëssend, dass et de Portefeuille vum Lëtzebuerger Staat ass, ouni deen et kee Science Center gëtt”, esou de Franz Fayot. Eng absolut Konditioun misst sinn, dass den Interessekonflikt géing ophéieren.

Eng weider Konditioun fir d’Konventioun vum Science Center mam Staat ass dann, dass d’Personal an d’Material vun der Firma vum Nicolas Didier (GGM11) an de Science Center integréiert gëtt. Hei huet de Sven Clement (Piraten) drun erënnert, dass d’Rechnung vun 1,9 Milliounen Euro, déi GGM11 der ASBL facturéiert huet, nach opstinn. Eng Konditioun vum Staat fir d’Konventioun ass, dass dës dräi Facturen net bezuelt ginn, well et an deem Fall keen Optrag a kee Finanzéierungsengagement vum Staat gouf. “Wann de Bénéficiaire effectif vu GGM11 dono nach an iergend enger Form eppes an där Asbl ze soen huet, wäert ëmmer en Interessekonflikt bestoen”, mengt de Sven Clement. Deemno kéint dësen d’ASBL erpressen, wat eng schlecht Situatioun wier.

D’Gouvernance misst ganz iwwerschafft ginn, fir dass en Neistart méiglech ass, huet d’Stéphanie Weydert (CSV) ënnerstrach. Déi Deputéiert sinn awer der Meenung, dass dat wuel nëmmen ouni den Nicolas Didier méiglech wier.

Back to Top
CIM LOGO