Eng Rei jonk Lëtzebuerger a franséisch Awunner solle Pedophillen an de soziale Medien eng Fal gestallt hunn, fir si ëffentlech ze humiliéieren.

Wéinst Opruff zum Haass an de soziale Medie goufen et op Uerder vun engem Untersuchungsriichter eng ganz Partie Perquisitiounen a Fouille bei jonke Lëtzebuerger a franséischen Awunner.
 
D'Faite baséieren op enger virtueller Campagne vu Leit, déi aus dem rietsextreeme Milieu kommen an hir Affer iwwer Telegram an TikTok ulackelen. Zil ass et, presuméierte pedophillen Erwuessenen eng Fal ze stellen, andeems Chats mat Mannerjärege virgetäuscht ginn, fir dann d'Affer, déi op dës Messagen aginn, z'erniddregen an ze bestrofen, wa bis e Rendez-vous ausgemaach gouf. Dës Strofe ginn da gefilmt an online gesat, fir d'Affer ëffentlech ze humiliéieren.
 
D'Method ass nom Numm vum russeschen Neo-Nazi Tessak benannt, deen den "Occupy Pedophilia"-Mouvement gegrënnt hat - ee Mann, deen de rietse Restruct-Mouvement matgegrënnt huet an och e White-Power-Skinhead war.
Am Alter vu 36 Joer ass de Neo-Nazi 2020 an der russescher Detentioun verscheet, nodeem hie wéinst Rassismus an Haassmorde véiermol ugeklot gi war.

Esou laang d'Enquête leeft, gëllt d'Présomption d'innocence.

D'Schreiwes vum Lëtzebuerger Parquet

Communiqué du parquet de Luxembourg dans une affaire d'incitation à la haine impliquant des jeunes gens
(23.07.2024)
 
Dans le cadre d’une instruction judiciaire ouverte par le parquet de Luxembourg notamment du chef d’association de malfaiteurs, d’infractions à la loi du 2 février 2022 sur les armes et munitions, et d’incitation à la haine, le Service de Police judiciaire - Section antiterrorisme, a mené, sur base d’ordonnances décernées par le juge d’instruction compétent, des perquisitions domiciliaires et des fouilles corporelles auprès de plusieurs jeunes ressortissants luxembourgeois et français majeurs.
 
Les faits présumés ont trait à une campagne virtuelle de sympathisants de l’extrême-droite communiquant notamment via divers canaux tels que Telegram et TikTok et visant, à l’instar du modèle Tesak, du nom d’un néo-nazi russe décédé, à châtier des adultes présumés pédophiles après les avoir attirés dans un guet-apens moyennant des conversations virtuelles via des comptes imaginaires de prétendus mineurs d’âges.
 
L’instruction suit son cours.
 
Le parquet rappelle la présomption d’innocence.