95% vun de Residentë geimpft, Verbreedung vum Virus onwarscheinlech
Virun 10 Deeg hat de Gesondheetsministère iwwert e Fall vu Riedelen informéiert. E Luxair-Passagéier war positiv op dës Kannerkrankheet getest ginn.
Zu Lëtzebuerg si méi wéi 95% vun der Populatioun géint d’Riedele geimpft. Trotzdeem dierfte sech vill Leit d’Fro gestallt hunn, ob dee Virus sech hei am Land nees kéint verbreeden a wat fir Symptomer en ausléist? D’Lynn Cruchten huet bei Medezinner a Fuerscher nogefrot.
Riedelen ass déi wuel infektiéiste Virus-Krankheet iwwerhaapt
Prof. Claude P. Muller, Virolog
"Si mécht en Ausschlag an da sou e grippalen Infekt. Awer besonnesch gefaart ass se doduercher, dass se eben déi Komplikatiounen huet. Nämlech schwéier Longenentzündungen, dann eng Immunsuppressioun, déi kann iwwer Wochen, Méint, souguer jorelaang unhalen. An dann am meeschte gefaart ass dann déi Infektioun vum Gehier, déi dann och déidlech ka verlafen."
Riedelen, op franséisch Rugeole an op däitsch Masern, sinn net ze verwiessele mat Riselen a Waasserpouken. Géint allen dräi Kannerkrankheeten, plus géint Mumps, gëtt zu Lëtzebuerg à priori all Persoun am Alter vun engem Joer an nach emol tëscht 15 an 23 Méint geimpft.
Dr. Serge Allard, President vun de Kannerdokteren:
"Et ass eng kombinéiert Impfung, déi zënter 78 gemaach gëtt hei am Land. Dat heescht all déi Leit, déi no 1978 gebuer sinn, déi si geimpft theoretesch. A si mussen awer zwou Impfunge kritt hunn, well eng eleng geet net duer, fir d'Liewe laang ze protegéieren."
Och virun 1978 gouf schonn eenzel géint d'Riedele geimpft. Mir hunn zwar keng Impfflicht, ma déi géint d’Riedele gëtt vun de Medezinner staark recommandéiert. Aus guddem Grond, wéi de Prof. Claude P. Muller, Virolog, erkläert:
"2023, dat Joer do gouf et ëmmer nach iwwer 60.000 Fäll an Europa. A 14 Kanner sinn och gestuerwen. Dëst Joer hu mer eleng schonn an deenen éischten 3 Méint bal sou vill Fäll gehat an och scho 4 Kanner, déi gestuerwe sinn. Net hei zu Lëtzebuerg, awer an Europa."
Hei am Land wieren iwwer 95% vun de Leit geimpft. Deemno bräicht een och keng nei Verbreedung vum Virus ze fäerten.
Dr. Serge Allard, President vun de Kannerdokteren:
"Ech hunn dee leschte Fall 98 gesi bei engem Kand. Bei engem Meedchen, wat aus Ex-Jugoslawien komm ass an do war de Vaccin eben net disponibel."
Et goufen duerno zwar nach vereenzelt Fäll, mee Lëtzebuerg hätt zanter méi wéi 10 Joer de Status vun der Eliminatioun vum Virus. Wien d'Riedele selwer schonn hat oder besser nach dogéint geimpft ass, wier gutt geschützt. Am Zweiwelsfall kéint een op senger Impfkaart nokucken oder Récksprooch mam Dokter halen. D’Immunitéit léisst sech am Blutt noweisen.