Parlamentaresch FroRapport tëscht Lëtzebuerger an Auslänner viru Geriicht oder am Prisong

Jean-Marc Sturm
Den Undeel un Auslänner, déi mat der Justiz a Konflikt gerode sinn: Ëm deen delikate Sujet geet et an enger parlamentarescher Fro un d'Justizministesch.

Rapport tëscht Lëtzebuerger an Auslänner am Prisong / Reportage: Jean-Marc Sturm

Den Auteur Marc Baum vun déi Lénk hat a senger Fro op auslännesch Etudë verwisen, deenen no et keng wëssenschaftlech Donnéeë gëtt, déi beleeën, dass do den Undeel vun verurteelte Leit mat Migratiounshannergrond méi héich wier.

Aner Etudë kommen zum Beispill an Däitschland zur Konklusioun, dass Riichter méi streng mat jonke Leit sinn, déi zum Beispill tierkesch Originnen hunn oder aus Ex-Jugoslawien kommen, wéi mat däitsche Jonken.
Vun der Ministesch Elisabeth Margue sinn et d’Chiffere vun de Joren 2014 bis 2024.

D’Ministesch präziséiert virop, dass den Haaptkrittär bei der Äntwert d’Nationalitéit ass an net d’ethnesch Racinnen.
Wann eng Persoun méi wéi eng Nationalitéit huet - dorënner déi Lëtzebuergesch - gëtt se als Lëtzebuerger gewäert. Dobäi komme Fäll, bei deenen d’Nationalitéit onbekannt ass.

Bei de Statistike gëtt och keen Ënnerscheed gemaach, wéi schro eng Infraktioun war. Et sinn also reng statistesch Donnéeën.

Bei de Strofe ginn 3 Kategorien zréckbehalen: Feste Prisong, deelweis Sursis oder déi ganz Strof mat Sursis. Et geet also net ëm Leit, déi an Untersuchungshaft sinn.

Bei der éischter Inscriptioun am Casier gouf et tëscht 2014 a Mëtt vun dësem Joer ronn 27.000 där Fäll. An eppes iwwer 40% waren et Lëtzebuerger, bei 55,6% Auslänner, de Rescht ware Leit ouni Nationalitéit oder ouni bekannten Nationalitéit. De Rapport ass tëscht 2014 a Mëtt 2024 iwwert all déi Jore quasi identesch bliwwen.

Bei de Leit, déi ouni judiciair Virgeschicht zu enger Prisongsstrof verurteelt goufen, sinn et dës Zuele bei am ganze knapp 5.300 Fäll: 20% Lëtzebuerger, 69% Auslänner, déi aner 11% hu keng oder keng bekannten Nationalitéit. Zuelen, déi och iwwert déi 10 Joer proportionell relativ konstant bliwwe sinn.

Wat d’Prisongsstrof bei der éischter Verurteelung betrëfft, waren et 21% Urteeler mat festem Prisong. De Rescht ganz oder deels op Sursis. Bei de feste Prisongsstrofe maachen d’Lëtzebuerg eppes iwwer 5% aus, d’Auslänner knapp 80%. De Rescht, also 15%, sinn ouni oder ouni bekannten Nationalitéit. Och do gläiche sech d’Proportiounen iwwert déi 10 analyséiert Joren. Aktuell sëtze ronn 350 Verurteelter am Prisong, dovunner 69% Auslänner an 31% Lëtzebuerger, wuel verstanen no engem Urteel, also net Leit an Untersuchungshaft.

D’Justizministesch léist dann och wëssen, dass si dofir ass, d’Magistraten hei am Land iwwer Prejugéen a Stereotyppen ze sensibiliséieren. Dofir wier awer net hire Ministère zoustänneg. Et wier do un de Justiz-Autoritéiten.

Liest hei d'Äntwert op d'parlamentaresch Fro N°897

Back to Top
CIM LOGO