Invité vun der Redaktioun (29. Abrëll) – Alex SchumannAllerwichtegst op der Tripartite ass, sech iwwert "den Diagnostik" eens ze ginn

François Aulner
E Mëttwoch de Moie waren d'Industrie an d'Energiekris Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Alex Schumann
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Allerwichtegst op der Tripartite ass, sech iwwert "den Diagnostik" eens ze ginn

Et wier "op alle Fall" gutt gewiescht, datt de Premier ofgewaart huet, fir d'Tripartite anzeberuffen. Där Usiicht war den neie President vun der Fedil, den Alex Schumann, e Mëttwoch de Moien hei op RTL.

D'Tripartite misst nämlech gutt virbereet ginn an d'Situatioun wier ganz komplizéiert. A sengen Ae wier dat Allerwichtegst, datt d'Sozialpartner sech all iwwert "den Diagnostik" eens ginn.

Hien ass och zouversiichtlech, datt dat géing geléngen. Genee ewéi den Direkter vun der Fedil, de René Winkin e Méindeg, sot den Alex Schumann e Mëttwoch, et wier nach ze fréi, fir Fuerderungen ze stellen.

Wat méiglech Optiounen ugeet, fir op d'Energiekris ze reagéieren, wollt den neie Fedil-President sech net an d'Kaarte kucke loossen. Déi géing d'Unioun vun den Entreprise mat den anere Federatiounen déi nächst Deeg ausschaffen.

Wat d'Industrie ugeet, wier säi Constat haut, datt d'Betriber, déi hir Energie am Dag kafen, elo schonn impaktéiert wieren. Déi, déi am Viraus kafen, hätten den Impakt vun der Hausse vun den Energiepräisser net direkt, mee iergendwa misste se kafen a wann de Präis dann nach méi héich ass, wier den Impakt nach méi "hefteg".

Transport a Logistik, grad ewéi Verpackungen oder soss Derivater vum Pëtrol, wieren elo scho méi deier ginn, sou nach den Alex Schumann.

Hien ass och Responsabel fir d'Produktiounsanlage vun der Goodyear hei am Land. Natierlech wier eng Firma ewéi seng, déi am Transportberäich ass, séier impaktéiert, wann d'Wirtschaft méi lues dréint.

Invest a Recrutement fir d'Industrie fërderen

Et wier allgemeng ganz schwiereg, virauszegesinn, wat geschéie wäert, esou den Alex Schumann. Et wier ganz einfach: "Wann de Wee rëm op ass, da geet et virun, wann e rëm zou bleift, da gëtt et nach vill méi schwéier."

Dofir géing d'Fedil schonn ëmmer fir oppe Mäert plädéieren.

Als neie President vun der Fedil huet sech den Alex Schumann dräi Prioritéite ginn: d'Plaz vu Lëtzebuerg an der Welt, de Recrutement an den Invest an d'Industrie. Hie wéilt senge Memberen d'Finanzéierungsméiglechkeete vun der Finanzplaz méi no bréngen.

Hien huet allerdéngs bedauert, datt kleng Startuppen oder den Ausbau vu Produktiounen dacks dorunner géinge scheiteren, Sue vun de Banken ze kréien. Hie wier sech de Reegele vun der Risikobewäertung bewosst, mä an Europa misst "Geld déblockéiert" ginn.

Wat de Recrutement ugeet, haten eng 92 Industriebetriber an enger Ëmfro vun der Fedil viru manner ewéi zwee Méint nach gesot, se géingen déi nächst zwee Joer 3.000 Leit astellen. A sengen Ae wier d'Ëmfro sécher anescht ausgefall, wa se nom Ufank vum Krich am Iran gemaach gi wier.

"Z'investéieren heescht dann och nach d'Plaz ze hunn", esou de Vertrieder vun der Industrie, dee kritiséiert huet, datt et fënnef bis 10 Joer kéint daueren, fir en Terrain ze viabiliséieren – esouguer an deenen Zonen, déi et scho gëtt.

Nom Interview huet hien awer nach sech fir d'Aarbecht an der Industrie staark gemaach. Wann d'Gehälter an der Industrie am Duerchschnëtt manner héich wieren, ewéi beim Staat, esou géing dat besonnesch d'Ufanksgehälter betreffen. Hie sot an der Industrie gëtt et méi Opstigsméiglechkeeten.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO