An der Stad
Presuméierten Drogendealer festgeholl
Um Méindeg den Owend war enger Policepatrull e Mann negativ opgefall. D'Police hat de Verdacht de Mann géif mat Drogen dealen.
Eng Policepatrull war op der Stater Gare ënnerwee, wéi e Mann sech séier duerch d'Bascht gemaach huet, soubal en d'Beamten erbléckt hat. D'Polizisten hunn de Mann kuerz drop op der Paräisser Plaz konfrontéiert. Dës konnten observéieren, dass de Mann geschléckt huet, wou si op hien duerkomm sinn. Wou de Mann immobiliséiert gouf, sinn him 4 Plastikskugelen aus dem Mond gefall.
Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a misst gescannt ginn. Hei konnt näischt aussergewéinlech festgestallt ginn.
Am meeschte gelies