
Gutt Reflexer, eng relativ kleng Statur fir e Golkipp an e Gespier dofir, wéi ee Social-Media-Notzer fir sech gewanne kann. Alles dat huet dozou bäigedroen, datt d'Nummer 1 vum Avenir Beggen David Ali a relativ kuerzer Zäit Millioune vun Opriff an Dausende vu Follower sammele konnt.
Seng Leeschtung als "Man of the Match" um 1. Spilldag géint den FC Luxembourg City an der Éierepromotioun huet perfekt gewisen, firwat de 27 Joer ale franséisch-madagassesche Golkipp steet: Spektakulär Paraden, Geloossenheet um Ball an eng souverän Presenz tëscht de Pottoen.
"Ech géif soen, ech komme grad richteg an d'Rullen an zum Gléck ass dat geschitt, wärend ech 27 sinn. Wier et vill méi fréi geschitt, hätt ech vläicht mäi Kapp verluer", sot den David Ali am Interview mat RTL Today mat engem Laachen.
Hannert der Extravaganz verstoppt sech awer ee beduechte Sportler, deen e Groussdeel vu senger Räift senger Zäit als Studentesportler un der Point Park University zu Pittsbourgh am US-Bundesstaat Pennsylvania zouschreift. Nodeems hie 15 Joer laang fir APM Metz gespillt hat, huet den Ali de Sprong iwwert den Atlantik gewot, wou hien, wéi e seet, gezwonge war, séier erwuessen ze ginn.
Nodeems hien e Stipendium krut, e "Master of Business" am Studiegang Business Analytics a Management ofgeschloss an d'Kapitänsbännche vu senger Ekipp gedroen hat, louch e Wiessel bei Avenir Beggen op der Hand. De Retour an Europa huet him am Grand-Duché Aarbechtsméiglechkeete ginn, d'Chance, méi no bei senger Famill ze liewen an d'Aussiicht op e Rëmgesi mam Co-Trainer vu Beggen, deen hie scho kannt hat.
Seng Erfarungen an de Vereenegte Staaten hunn donieft zu der Grënnung vun enger Futtballagence gefouert, dat zesumme mat zwee franséischen Teamkolleegen, déi dee selwechte Wee gaange sinn. Nodeems si wärend hirer Zäit op der anerer Säit vum Atlantik en Netzwierk u Kontakter opgebaut haten, huet den Ali Futtballer aus Lëtzebuerg gehollef, de Sprong op US-amerikanesch Unien ze packen, andeems hie si bei de Formalitéite beroden an no hirer Arrivée ënnerstëtzt huet. Méi wéi zéng Spillerinnen a Spiller hunn dëse Schrëtt schonn iwwert hiert Netzwierk gemaach.
Zanter datt hien an der leschter Saison bei den Avenir Beggen gewiesselt ass, war hien Deel vun enger Ekipp, déi den Opstig gepackt hat. An de Goût vum Succès ass ëmmer nach net fortgaangen. "D'Zil ass et, ganz uewen an der Tabell ze stoen a firwat net ee weideren Opstig unzestriewen", erkläert den Ali an zitt dobäi Parallellen zu Atert Biissen, dat zwee Opstiger hannertenee gefeiert huet, éier et d'BGL Ligue gewanne konnt.
Iwwerdeems huet hie sech fest virgeholl, Stammgolkipp vun der madagassescher Nationalekipp ze ginn, nodeems e scho fir den U17-Kader nominéiert gi war: "Mir gi Schrëtt fir Schrëtt no vir, mee hoffentlech léisst sech dat duerch meng Leeschtungen an d'Gespréicher a mengem Ëmfeld erreechen - och als drëtte Golkipp."
Den Hype ëm de Golkipp ass em net ofzestreiden. Ee vu senge Videoe gouf vun engem vun de gréisste Sport-Chaînen a Brasilien, TNT Sports Brasil, gedeelt, wat dozou gefouert huet, datt eng Rei brasilianesch Veräiner, Spillerberoder a Fans hie kontaktéiert hunn. Den Ali fillt sech trotzdeem sengem Veräin Avenir Beggen fest verflicht.
Dem Ali säi perséinlechen Opstig ass och en Zeeche fir déi ëmmer méi enk Relatioun tëscht dem Futtball an de soziale Medien. Eng exzellent Parad bleift deemno net méi just de Spectateuren am Stadion virenthalen. Mam richtege Filmmaterial an engem spannenden Ophänkert ka se bannent just e puer Stonne Millioune vu Mënschen op der ganzer Welt erreechen.
Fir Spiller baussent de grousse Futtball-Lige si Plattforme wéi Instagram an TikTok zu wierkungsvollen Instrumenter ginn, fir sech selwer en Numm ze maachen, Opmierksamkeet ze erreegen a méiglecherweis Dieren opzemaachen, déi virdrun zou bliwwe wieren.
"Hautdesdaags si Sozial Medien eng richteg Hëllef am Futtball. Ech wëll duerch meng Leeschtunge Glafwierdegkeet opbauen. Wéi ech meng Kamera eng éischte Kéier an de Gol gestallt hunn, gouf et Froen, meeschtens negativer, ma schonn e puer Wochen drop hunn aner Golkipper zu Lëtzebuerg dat selwecht gemaach", erkläert den Trendsetter.
Wat ufanks als Méiglechkeet ugefaangen huet, seng Leeschtungen ze presentéieren, huet sech fir den Ali a säin Trainer-Staff zu engem onerwaarten Hëllefsmëttel entwéckelt. Mat der voller Ënnerstëtzung vum Veräin kënnen d'Opname vu senger Kamera dozou genotzt ginn, Stellungsfeeler vun der Defense ze analyséieren, wouduerch d'Ekipp eng weider Perspektiv op d'Geschéie virun him kritt. Wat als Erstellung vu Contenu ugefaangen huet, huet soumat och um Trainingsterrain eng praktesch Uwendung fonnt.
Säin Trainer Marcin Siebert huet hie vun Ufank u gelueft a seng Social-Media-Aktivitéite verdeedegt. "Hien ass explosiv, hie kommunizéiert gutt a positiv mat sengen Teamkolleegen. Hien ass e modernen Allrounder-Golkipp. Soulaang seng Kamera keen Afloss op seng individuell oder déi kollektiv Leeschtung huet, hu mir kee Probleem domat, datt hie se notzt. Mir konnte se souguer zu eisem Virdeel notzen."
Den Ali leet donieft och grousse Wäert drop, datt d'Videoen d'Realitéit vun engem Golkipp weisen an net nëmmen eng Zesummestellung vun Héichpunkte sinn. Hie wëll e Virbild fir jonk Golkippere sinn a weist bewosst nieft de spektakuläre Paraden och seng Feeler, fir datt seng Spectateure béid Säite vun der Medail gesinn.