Infektioune mat Riedele si virun allem fir kleng Kanner geféierlech, déi nach net geimpft goufen, also manner wéi ee Joer al sinn.

Deemno mussen nieft den Elteren a Pediateren och d‘Crèchen dorobber oppassen an am Verdachtsfall séier reagéieren.
 
Dowéinst sinn d‘Educatricen an Educateuren an der Crèche um Briddel och besonnesch op esou Krankheeten an déi néideg Gestes barrières sensibiliséiert, betount d‘Géraldine Kassel vum Grupp Kidscare. Et géif och kloer Prozeduren am Fall vun esou Krankheeten, wéi zum Beispill verstäerkt Lëfte vun de Raim a méi streng Hygiènesmesuren. 
 
Dem Géraldine Kassel no gouf et rezent och bei hinnen zwee Verdachtsfäll vu Riedelen. Glécklecherweis war et awer zwee Mol falschen Alarm. Well Riedele bei Kanner, déi nach net geimpft sinn, kënne ganz grav Konsequenzen hunn an ënner Ëmstänn esouguer déidlech sinn.

Riedelen: Preventioun a Crèchen / Reportage: Maxime Gillen

Bei engem Verdacht muss séier reagéiert ginn
 
Bei der zoustänneger Sanitärinspektioun hofft een dowéinst, net an d‘Situatioun ze kommen, datt eng Infektioun an engem Puppelchersgrupp an enger Crèche opdaucht. An deem Fall ass et virun allem wichteg, séier aktiv ze ginn, erkläert d‘Anne Vergison vun der Inspection sanitaire. Bei engem Verdacht op Riedele sollt d‘Sanitärinspektioun direkt informéiert ginn.

"Les crèches nous préviennent, les médecins sont assez attentifs et vont nous prévenir, même en cas de suspicion. Comme ça, on peut déjà préparer les choses, parce qu' on sait que la fenêtre pendant laquelle on peut vacciner, elle est assez courte. elle est assez courte."
 
Dee beschte Schutz fir d‘Puppelcher vu manner wéi engem Joer ass awer, wa ronderëm si jidderee geimpft ass. Dat ass och der Direktioun vun der Crèche um Briddel wichteg.

"Ils passent automatiquement une visite médicale oú là ils vont revoir le médecin de travail, qui va reagrder si le personel est garant d‘avoir eu une vaccination à jour", betount d‘Géraldine Kassel.

Keng Obligatioun sech géint d‘Riedelen ze impfen
 
Eng Obligatioun fir Leit ze impfen, déi a Kontakt mat vulnerabele Persoune sinn, gëtt et hei am Land net. Dat hält d‘Anne Vergison och net onbedéngt fir néideg.

"Je pense qu'on n'a pas eu nécessairement de bénéfice des obligations de vaccination. Il y a toujours du pour et du contre. On ne l'a jamais pratiqué pour le moment. Je pense que la sensibilisation fonctionne assez bien. Et on a jusqu'à présent, au Luxembourg, toujours plutôt fonctionné en sensibilisant et en transmettant l'information via les médias, via des informations des médecins, du personnel, de la médecine du travail aussi, qui peut veiller à ce que le personnel dans les crèches soit bien vacciné."

Zu Lëtzebuerg sinn am Prinzip 98 Prozent vun der Populatioun géint Riedele geimpft. Ma fir dass dës Impfung e ganzt Liewe laang wierkt, muss een zwou Dosisse kritt hunn. An dat ass net ëmmer de Fall, betount d'Anne Vergison. Enn den 1980er uganks den 90er Joren hätt d'Disziplin bei de Impfungen e bëssen nogelooss, esou dass eng Rei Kanner deemools keng zweet Dosis kritt hätten. Et wier also wichteg, dass d'Leit am entspriechenden Alter kontrolléieren, ob si komplett geimpft sinn. 
 
De Risiko ass kleng, d‘Konsequenze si potentiell grav
 
Ofgesi vum Fall am Luxair-Fliger, gouf et zu Lëtzebuerg déi leschten Infektioun mat Riedelen 2019.

Et ass eng Viruskrankheet, deemno gëtt et keen Antibiotique dogéint. Riedele sinn héich ustiechend a ginn iwwerdroen, wann eng infizéiert Persoun otemt, houscht oder néitscht. De Virus infizéiert d‘Otemweeër a mécht sech dann am ganze Kierper breet. Zu de Symptomer gehéiere staarkt Féiwer, Houscht, d‘Nues leeft an no e puer Deeg och en Ausschlag um ganze Kierper.

Geféierlech sinn awer virun allem d'Nowéie vun de Riedelen. Si kënnen nämlech ënner anerem zu Infektioune vum Gehier oder schlëmmen Otemprobleemer, wann net zu enger Pneumonie féieren.