Gingko-Bam zu Iechternach fir Gedenken un Atombomm zu Hiroshima geplanzt
© RTL
Et sinn Datumer, déi éiweg an der Geschicht gravéiert bleiwen: D'Atombommen de 6. August 45 op Hiroshima, 3 Deeg dono op Nagasaki.
Zu Hiroshima war och dëst Joer eng Commemoratiounszeremonie fir den iwwer 140.000 Affer ze gedenken. Och heiheem, méi genee zu Iechternach, weist een nach 79. Joer no der Katastroph Solidaritéit.






































































































Am Schoulhaff vun der Millermoaler Schoul zu Iechternach ass en Dënschdeg den Owend als Erënnerung un d'Affer vun der Atombomm zu Hiroshima ee Gingko-Bam ageweit ginn. E Bam, dee fir Fridde an Ëmweltschutz steet. De Gingko Bam war déi éischt Planz, déi erëm gesond Blieder krut, nodeems d‘Atombomm 1945 op Hiroshima gefall ass. De Bam ass dofir e Symbol vun der Widderstandsfäegkeet an dem feste Wëllen, ze iwwerliewen. Fir déi Iechternacher Buergermeeschtesch, Carole Hartmann, ass et wichteg, dass och déi jonk Generatiounen net vergiessen.
"Et gi mëttlerweil aus där Zäit virun 79 oder och 80 Joer nom Zweete Weltkrich net méi sou vill Zäitzeien an dofir ass et ganz ganz wichteg. Wa mir elo an d‘Welt kucken, da gesi mir ganz vill Konflikter a mir gesinn och bei ganz ville Leit Ängschten, och bei de Kanner. Mir hunn d'Kanner gefrot, fir Biller ze zeechnen iwwer dat, wat si ënner Fridde verstinn an do gesäit een, dass och Ängschte bei de Kanner sinn an dofir musse mir doriwwer schwätzen."
Bei der Gedenkzeremonie am Trifolion war och de japaneschen Ambassadeur Tadahiro Matsubara derbäi. Hien hat dëse Message:
"We are now facing the very challenging global environment, so at this time for us to pursue our idea of the world without nuclear weapon. It is very tough and' a very long way to go, but we need to pursue our mission."
D'nächst Joer, fir den 80. Joresdag vum Bombardement op Hiroshima an Nagasaki, ass d'Erënnerungszeremonie an der Gemeng Suessem.