E puer nei Projeten huet den Tourismusministère, zesumme mam Kultur- an dem Ekonomiesministère, nach an der Pipeline. 

Dem Tourismus am Land geet et gutt. Ëmmer méi Touriste kommen de Grand-Duché besichen. "Déi éischt 6 Méint weisen d'Zuelen, dass mer stabel sinn. A verschiddene Secteure leie mer esouguer iwwert den Zuele vun 2023, wat e Rekordjoer war", erkläert de Kultur- an delegéierten Tourismusminister Eric Thill. Iwwert déi nächst Méint hofft een, d'lescht Joer nach toppen ze kënnen.

Tourismus versprécht Rekordzuelen - Reportage Diana Hoffmann

D'Chifferen dozou presentéiert hien um Camping an der Fuussekaul. Och wann de Campingtourimus dëst Joer wéinst dem Wieder net esou gutt ugelaf ass (-17 Prozent bei den Iwwernuechtungen), ass dësen e wichtegt Standbee vum Lëtzebuerger Tourismus. De Chef vum Camping Fuussekaul Henri Brack féiert iwwert säi Camping an erzielt net wéineg stolz: "D'Gemeng Esch-Sauer huet eppes iwwer 3.000 Awunner, um Camping hei ass Plaz fir 2.500 Leit". E klengt Duerf an der Gemeng Esch-Sauer. 
 
Mol keng hallef Stonn mam Auto ewech ass zu Uewermaartel de Musée de l'Ardoise. Hei ass eng ganz speziell Visitt méiglech, déi och de Minister Eric Thill en Dënschdeg de Moie gemaach huet. Déi meescht Visiteure géingen nom Besuch vun der Minn soen, dass se sech dat net erwaart hunn, erzielt de President vum Musée de l'Ardoise, de Marco Schank. Op bis zu 42 Meter Déift féiert de Parcours erof, dohi wou soss d'Aarbechter a bis zu 169 Meter Déift Schifer ofgebaut hunn. 
 
Zanter 1790 gouf hei am Land Schifer ofgebaut. Dat bal 200 Joer laang, bis 1986 Schluss war. Ma schonn 1956 gouf kee méi aus dem Buedem geholl an et gouf es just nach verschafft. Duerch d'Ouverture vun der ënnerierdescher Minn am Oktober 2022 soll awer nach net Schluss mam Ausbau vum Site sinn. An den nächste 5 Joer ass virgesi weider 11 Milliounen Euro z’investéiert.

D'Villa Rother, wou eemol de Proprietär vum Site gelieft huet, soll nees an den Zoustand vun 1938 zeréckgebaut ginn. An de Säll wäerten ënnert anerem Ateliere fir Schoulklasse kënnen ofgehale ginn, ma och eng Bibliothéik wäert et ginn an e Raum mat Fotoen. D'Liewe vun deemools wäert och duergestallt ginn. Doriwwer eraus kënnt e Restaurant op de Site. Dat an déi al Kantin an an dat fréiert Spalthaus. Do wäert dann am Ganze Plaz fir iwwer 100 Leit sinn. Dat aalt Spalthaus wäert dann och als normale Restaurant funktionéieren. An enger nächster Etapp, wou awer elo eréischt en Avant Projet ausgeschafft gëtt, sollen d'Haiser hannert der Villa Rother zu Gitten ëmgebaut ginn, wou kann iwwernuecht ginn. 
 
En Dënschdegmëtteg ass de Minister Eric Thill dann och nach op der "Randonnée touristique" zesumme mat der Ministesch fir ëffentlech Aarbechte Yuriko Backes, weider op Veianen gefuer. Hei gëtt en aalt Klouschter zu enger Jugendherberg ëmgebaut. 
 
"Et ass vill an de Secteur vum Tourismus iwwert déi lescht Joren investéiert ginn", erkläert den Eric Thill sech den Erfolleg vum Tourismus an den éischte 6 Méint vum Joer. Doriwwer eraus hätt ee vill Reklamm am Ausland gemaach. Bis elo wieren et nach ëmmer déi hollännesch Touristen, déi am meeschten op Lëtzebuerg kéimen. Dono déi däitsch an déi belsch, sou wéi och déi franséisch Touristen. Ma et géing een awer och gesinn, dass an deene leschte 6 Méint vill amerikanesch Touriste komm wieren (+14 Prozent), wat och duerch de staarken Dollar z’erkläre wier. Ma och d'Lëtzebuerger géingen zanter der Pandemie d'"Vakanz doheem" ëmmer méi flott fannen.