"Mir waren alleguer gutt Frënn an do huet een deem anere gehollef"
Geschwë ginn et guer keng Zäitzeie méi, och net vun de ronn 130 Lëtzebuerger, déi sech an der Brigade Piron engagéiert haten.
1999, fir de 55. Anniversaire, hat eng RTL-Ekipp mam Jay Schiltz zwee Lëtzebuerger Veteranen zréck an d’Normandie begleet. Et war eng emotional Rees fir déi dunn 78 Joer al Hären, déi kee grousst Ophiewen ëm déi eege Leeschtung gemaach hunn a woussten, woufir si gekämpft hunn. D'Caroline Mart mat engem Resumé vum laange Reportage vum 30. Mee 1999.
Et war e laange Wee. Béid Männer waren op enger geféierlecher Flucht. Fir den Dikrecher Roger Dumont goung se iwwer Frankräich, Spuenien an du Gibraltar. De Minettsdapp Marcel Meyer war am däitschen Offizéier Erwin Rommel sengem Afrikakorps zwangsrekrutéiert a via d’Friemelegioun a Groussbritannien geflücht. Do hunn déi zwee jonk Lëtzebuerger sech dunn zesummen an der Brigade Piron engagéiert. Dankbarkeet an Unerkennung fir hire Courage nach Joerzéngten duerno huet gutt gedoen. Als Helden hu si sech awer net gesinn.
De Marcel Meyer am Mee 1999: "Mir haten en enorme Wee gemaach, deen een hei, deen aneren do, fir bis heihinner ze kommen. Fir d’éischt emol bis an England an dunn natierlech, wéi mir bis hei waren, do hate mir jo en Deel vun onsem Dram erfëllt."
Ma den Dram war och en Albdram, erënnert sech de Roger Dumont: "Et huet een ëmmer e bëssen Angscht. Ech mengen hei däerf kee soen en huet keng Angscht. Dat ass gelunn, wa se soen, si hätte keng Angscht!"
Dat stäerkste Gefill wat blouf, war awer trotz Schwieregkeeten a Liewensgefor ee positiivt: "Mir waren alleguer gutt Frënn an do huet een deem anere gehollef. Dat ass eppes, wat mir herno am Liewen ni méi fonnt hunn. Herno war een dem anere säin Däiwel, mee wou mir hei waren, war ee fir den aneren do. Dat ware richteg Frënn an dat sinn och Frënn bliwwe fir d’ganzt Liewen. Un déi Leit denkt een nach ëmmer", esou de Roger Dumont.
Dat Wichtegst awer war ze wëssen, firwat si sech engagéiert hunn. Et huet een op ee kloert Zil higeschafft. "Stellt Iech vir, den Hitler hätt gewonnen, wat wier dat ginn? Nee!", esou de Marcel Meyer.
1999, wéi si zréck an d'Normandie gereest sinn, gouf et de Krich am Kosovo. De Marcel Meyer huet Parallelle gezunn, ma och preziséiert: "Wat ech elo gesinn am Kosovo, wann ech déi Frae mat deene Kanner, déi verdriwwe gi sinn, dat hu mir hei net esou erlieft. Also ech mengen dat ass méi uerg, wéi dat wat mir hei erlieft hunn."
De Marcel Meyer an de Roger Dumont hunn net just am Krich gekämpft, mee woussten och, wat et bedeit, e Flüchtling ze sinn. Si hunn hiert Liewen deene Mënschen ze verdanken, déi hinne gehollef hunn an hunn dat ni vergiess.