An der Normandie gëtt dëse Mëttwoch un d'Brigade Piron geduecht an domat ënnert anerem un d'Lëtzebuerger geduecht, déi fir d'Fräiheet gekämpft hunn.

De Marc Hoscheid live aus der Normandie

Den 21. August viru genee 80 Joer huet d'Brigade Piron, doduerch dass se sech beim Debarquement an der Normandie bedeelegt huet, hiren Deel dozou bäigedroen, Europa, an domat och Lëtzebuerg, vun den Nazien ze befreien. D'Brigade bestoung aus Belschen a Lëtzebuerger Fräiwëllegen, déi sech wärend dem Zweete Weltkrich a Groussbritannien zesummefonnt hunn. Den Numm vun der Brigade geet iwwerdeems op de Colonel Jean-Baptiste Piron zeréck.

Am Ganzen hunn 126 Lëtzebuerger an der Brigade gedéngt, ronn d'Hallschent vun hinne koum aus der Friemelegioun. D'Brigade Piron war Deel vun der sougenannter "Operation Paddle". Um 21. August gëtt un hiren Asaz fir d'Fräiheet erënnert. Fir Lëtzebuerg ass den Inneminister Leon Gloden bei der Zeremonie zu Cabourg an der Normandie derbäi.