E Méindeg ass de Konjunkturkomitee ënnert der Presidence vum Aarbechtsminister Georges Mischo zesummekomm.

No enger Analys vun der konjunktureller Situatioun a vum Aarbechtsmarché huet de Kommitee sech mat den Demandë vun de Betriber, fir am September kuerz ze schaffen, beschäftegt. Am Ganzen hate 66 Entreprisen esou eng Demande agereecht. Dat sinn der zéng méi ewéi nach fir den August.

No der Analys vun den Dossieren huet de Konjunkturcomité 59 Betriber den Accord ginn, fir den nächste Mount kuerz ze schaffen. Am Ganze wäerte 7.429 Employéë vun dëser Mesure concernéiert sinn. Am August waren et der 7.054.

Weider Detailer fannt Dir um Site vum Aarbechtsministère.