En Donneschdeg am Nomëtteg huet eng Patrull vun der Police en Drogendeal tëscht 2 Männer an der Hollerecher Strooss observéiert.

De presuméierten Drogendealer gouf direkt festgeholl. De Parquet huet eng Ënnersichung vum Scanner beim presuméierten Täter ordonéiert, bei där dann och direkt e puer Friemkierper a sengem Kierper fonnt goufen.

Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Freideg am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.