Alles ronderëm déi beléift "Buppen"E Sonndeg war dat 21. Gromperefest zu Bënzelt

Marc Hoscheid
Op de Wisen, op deenen d'Gromperen ugebaut ginn, krute Jonk an Al och dëst Joer nees all d'Informatiounen iwwert dat beléift Nachtschattegewächs.
E Sonndeg war dat 21. Gromperefest zu Bënzelt
Wie sech d’Fanger net dreckeg maache wëllt, deen hat um Sonndeg besser, ee Bou ronderëm d’Bënzelter Gromperefest ze maachen.

Zu Bënzelt gouf e Sonndeg fir déi 21. Kéier d’Gromperefest organiséiert. Besonnesch déi kleng Visiteure konnte bei der Recolte och selwer eng Hand mat upaken. Mir waren eis an d’Éislek ee Bild maachen.

Wie sech d’Fanger net dreckeg maache wëllt, deen hat um Sonndeg besser, ee Bou ronderëm d’Bënzelter Gromperefest ze maachen. Mat historesche Maschinne goufen d’Gromperen, oder “Buppen”, wéi se am Éislek genannt ginn, aus dem Buedem geholl. An dono huet et da geheescht, sech ze bécken an opzerafen, wat nach do war. Am Fokus vum Fest steet d’Bedeitung vu lokale Liewensmëttel an do wier een um richtege Wee.

De Fred Huet (President Syndicat d’intérêts Bënzelt-Holler-Breedelt): “Déi Leit, déi heihinner kommen, hu well Anung, déi interesséiere sech immens fir dat, wat mir hei maachen. Mir kréie ganz vill Froe gestallt an ech fannen den Interessi fir eis Liewensmëttel ass an deene leschte Joren nach gewuess, wat och gutt ass a virun allem och gutt fir eis Lëtzebuerger Produzenten ass.”

Aktuell wier de Präis vun de Grompere gutt. Dat muss en och sinn, well den Ubau vu Gromperen ass aarbechtsintensiv an deier. Bei Setzgrompere muss een op d’mannst 6.000 Euro den Hektar investéieren. Déi Lëtzebuerger Setzgromperegenosseschaft exportéiert ronn een Drëttel vun hire Produiten an Nordafrika an an den Noen Osten, dat soll sech awer änneren.

D’Nathalie Lamberty (Direktesch Synplants): “Mir wëllen an Zukunft haaptsächlech fir den europäesche Marché produzéieren. Aus där einfacher Ursaach, d’Verpake fält ewech, dat heescht, déi Bauere kréien hir Gromperen am Lassene geliwwert oder a Big-Backen. An dann ass et och sou, datt se manner qualitéitsempfindlech sinn. Dat heescht, wa mol eng Kéier eng gréng Gromper an der Liwwerung dran ass, ass dat keen Drama, wärend, wann ee gréng Gromperen an Ägypten dréit, riskéiert een, déi ganz Marchandise op der Grenz ofgeleent ze kréien.”

Nieft historeschen Traktere kommen och Ardennerpäerd bei de Virféierungen zum Asaz. Ma och bei der Aarbecht am Betrib setzt de Bauer Nico Hamen op d’Déieren, dat wéinst der Nohaltegkeet.

Den Nico Hamen (Bauer vun Draufelt): “D’Päerd frësst dat Gras, dat um Feld wiisst, d’Päerd mécht Mëscht a gëtt nees Dünger zeréck. A wann et gefriess huet an äert et Dünger mécht, schafft d’Päerd, also gëtt d’Päerd eng Leeschtung.”

Natierlech dierf um Gromperefest de Kascht net feelen. Beim Iessen ass den Numm vum Fest iwwerdeems Programm. Dobäi gi just Grompere vun deem Feld verschafft, op deem d’Evenement organiséiert gëtt. Bis an den Owend era gëtt zu Bënzelt nach weider gefeiert, matzen dran, de Batti Patatti.

Back to Top
CIM LOGO