Mat dëser Invitatioun géing de Grand-Duc Henri seng Roll als Staatschef an d'Hänn vun der kathoulescher Kierch leeën.

Um Haff wiere se schonn ëmmer Porte-parole vun der kathoulescher Kierch gewiescht. Ma entretemps wier et zu Lëtzebuerg awer eng Trennung vu Kierch a Staat ginn an déi sollt respektéiert ginn. Bei der Visitt vum Poopst François géing et sech ëm e renge politesche Besuch handelen, bei deem et drëm géing goen, den Afloss vun der Kierch auszebauen. Dernieft wier natierlech d'Fro vum Finanzement opzewerfen.