Zanter Uganks August mussen d'Agencekäschten tëscht dem Proprietär an dem Locataire gedeelt ginn.

Reproche vun déi Lenk un Immobilienagencen / Rep. Jean-Marc Sturm

D‘Agencë géife probéieren, de Locataire iwwer aner Weeër op d‘Aen ze drécken, zum Beispill via Käschte fir den Etat des Lieux. Mir hu bei all den Acteuren um Terrain nogefrot.

Och am Logementsministère krut een Echoen, dass et an der Ufanksphas Problemer beim Ëmsetze vun den neie Reegele gëtt, esou de Minister Claude Meisch.

"Mir hunn och matgedeelt kritt vun eenzele Locatairen, dass d‘Fraisen an d‘Kommissioune fir e Mietvertrag ze ënnerschreiwen, dass déi elo opgedeelt ginn an déi net eesäiteg op der Säit vum Locataire leien, dass dee Message nach net iwwerall ukomm ass, weder beim Locataire, nach bei all Proprietär, nach bei all den Agencen. Dofir wäerte mir als Ministère weiderfueren, an der Kommunikatioun fir d‘éischt mol, fir all déi verschidden Acteuren ze informéieren.
Mir wäerte se ( d‘Locatairen n.d.l.r.) och encouragéieren, wa se mierken, dass deen een oder anere sech net un d‘Gesetz hält, souwuel bei eis wéi beim Konsumenteschutz ze mellen“.
 
Den neie President vun der Chambre immobilière Paolo Madureira wëll net, dass ee Generalverdacht entsteet:

"Also, d‘Agencë fuddelen net, d‘Agencen applizéieren dat Gesetz, dat elo gestëmmt gouf. Verschidden Annoncë goufen op de verschiddenen Internetsitten nach net adaptéiert. Mä wéi mir wëssen, hate mir elo am Mount August Congé collectif, d‘Agencë waren deelweis zou. An déi lescht Annoncë ginn elo fir de September eebe corrigéiert."

De President vum Mieterschutz, Jean-Michel Campanella, léisst déi Excuse net gëllen.

"Also ech kenne net vill Gesetzer, wou d‘Leit soen:“ ah Pardon, ech applizéieren dat, wann ech Zäit hunn, wann ech elo aus der Vakanz kommen oder wann ech prett sinn an e puer Méint. E Gesetz trëtt a Kraaft, wann et a Kraaft soll trieden.“

D‘Chambre immobilière huet d‘Agencen nach emol mat enger Circulaire un d‘Bestëmmunge vum neie Loyersgesetz erënnert. Och de Ministère setzt elo mol nach op Informatioun.