Wie sech fir Militärfliger begeeschtert, kënnt dëse Weekend um Findel voll op seng Käschten.

Do sinn nämlech "d'Luxembourg Defence Open Air Days", An deem Kader ass zum Beispill de Lëtzebuerger Militärfliger, A400M, um Fluchhafe stationéiert. Och den Tankfliger, A330 kann ee sech vu ganz no ukucke kommen. Et besteet och d'Meiglechkeet, an dei verschidde Fligeren era kucken ze goen.

Och en Düsen-Jet vun der belscher Arméi steet um Findel. Do dernieft gesäit een de Fliger vun der Air Rescue, de Policehelikopter a ganz vill Material vun der Lëtzebuerger Arméi.

6.000 Leit hu sech am Virfeld fir Luxembourg Defence Open Air Days 2024 ugemellt gehat. Dat sinn der 2.000 méi ewéi virun 2 Joer.

E Samschdegowend am Journal gitt Dir méi iwwert "d'Luxembourg Defence Open Air Days" gewuer.