Eltere verwiesselen Abriecher mat eegene Kanner, Täter flüchte kuerz drop

E Samschdeg de Moien um 04h10 gouf d'Police iwwert den Abroch zu Mënjecker informéiert.
Bis ewell onbekannten Täter hate sech duerch d'Entreesdier Zougang an en Haus verschaaft. Eng Partie Zëmmer goufen dunn duerchwullt. Bewunner vum haus goufen aus dem Schlof gerappt, wéi op eemol hir Schlofzëmmerdier opgaangen ass a mat enger Täscheluucht an de Raum geliicht gouf.
D'Koppel déi am Bett louch, ass dovunner ausgaangen, dass et sech warscheinlech ëm d'Kanner géif handelen, déi méi spéit heemkomm sinn. Wéi de Mann déi kontaktéiert huet, fir sécher ze goen, hunn dës awer confirméiert, guer net doheem ze sinn. Als Reaktioun gouf dunn den Noutruff gewielt.
De Mann konnt nach gesinn, wéi zwou Persoune mat enger grousser Tut fortgelaf sinn.