Vun e Mëttwoch un kéint et an eiser Regioun ongemittlech ginn. Grond ass den Ex-Hurrikan Kirk, deen den Ament iwwert den Atlantik a Richtung Europa rullt.

Den Hurrikan huet sech an de leschten Deeg vun engem Hurrikan vun der zweethéchster Stuf 4 op een Hurrikan vun der Stuf 1 ofgeschwächt. Bis en an den nächsten Deeg op europäescht Festland trëfft, wäert e viraussiichtlech nach emol u Kraaft verléieren. An awer wäerten d'Ausleefer héchstwarscheinlech och bei eis ze spiere sinn.

Wéi Meteolux mellt ass den Kirk den Ament nordwestlech vun den Azoren ënnerwee wa wäert viraussiichtlech e Mëttwoch den Owend un der franséischer Westküst ukommen. Wou genee den Zentrum vum Stuerm laanschtzéie wäert a wéi déif de Loftdrock do wäert sinn, kéint allerdéngs nach net genee virausgesot ginn, heescht et vu Meteolux op X.

"Deementspriechend ass et aktuell och nach schwéier ze soen, ob Lëtzebuerg iwwerhaapt vum Stuermfeld vum System wäert betraff sinn a falls jo, wéi staark de Wand wäert sinn."

Och iwwer d'Reemassen, déi de Kirk matsechzéie kéint, kéint een den Ament nach net vill soen. "Kachelmann Wetter" schwätzt allerdéngs vun engem "Déif mat deels staarkem Reen", dat vun e Mëttwoch un ze spiere wier. Aktuell géif ee fir en Donneschdeg vu Wandspëtzten tëscht 80 an 100 Stonnekilometer ausgoen.