Et deit sech eng Stabilisatioun vum Immobiliemaart un

© Envato Ijeab
Et schéngt sech eng Präisstabilisatioun um Immobiliemarché unzedeiten. Virun allem um Niveau vun den Haiser.
D'Loyere klamme weider an déi affichéiert Verkafspräisser vun de Wunnengen zu Lëtzebuerg sinn och am drëtten Trimester dëst Joer weider erofgaange. Dat deelt d'Annoncëplattform fir Immobilien atHome an hirem neie Bilan mat. Et schéngt sech awer eng Präisstabilisatioun unzedeiten. Besonnesch um Niveau vun den Haiser.
Tëscht Juli a September sinn d'Annoncëpräisser vun den Appartementer ëm 5,3% nach zréckgaangen. Déi vun den Haiser ëm 2,4%. Dat ass däitlech manner wéi nach Uganks des Joers. Am Oste sinn d'Präisser souguer liicht geklommen an där Zäit. D'Loyeren dogéint si weider eropgaangen, ëm bal 5% an der Moyenne bei den Appartementer a 6% bei den Haiser, sou atHome.
Déi Responsabel vun der Annoncëplattform erwaarde sech, datt duerch d'Stabilisatioun vun de Präisser an d'Baisse vun den Zënsen op den Immobilieprêten an den nächste Méint nei potentiell Keefer ugezu kéinte ginn. Iwwerdeems de Locatiounsmaart weider dierft ënner Drock bleiwen.
Enn September hat och den Observatoire de l'habitat eng progressiv Stabilisatioun vun de Verkafspräisser an nees méi Aktivitéit um Logementsmaart notéiert. Fir de Fuerscher Julien Licheron hätten d'Mesurë vun der Regierung, fir den Investissement héich ze halen, awer absolut nach ëmmer Bestand. Dat sot hien am RTL-Interview.
D'Chambre des métiers hirersäits betount, datt ëmmer nach ganz wéineg Neibauten (sougenannt VEFAen) fir den Ament kaf ginn. Duerfir misst d'Regierung hire Mesurëpak nach méi bekannt dobausse maachen. D'Annonce vum Finanzminister e Mëttwoch d'Enregistrementsfraisen ëm d'Hallschent ze reduzéieren, gëtt vun der Handwierkerkummer natierlech begréisst. D'Chambre des métiers géif sech awer och wënschen, datt de Staat nach méi VEFAen um private Marché opkeeft. Besonnesch och méi kleng Projeten.