D’Mesurë fir de Wunnengsbau unzekuerbelen, sinn absolut noutwendeg, esou de Fuerscher beim Observatoire de l’habitat, de Julien Licheron eis géigeniwwer.

Dat obwuel d’Präisser am zweeten Trimester fir d’éischte Kéier a méi ewéi 2 Joer nees geklomme sinn. De Fuerscher seet, et misst een tëscht de verschiddene Wunnengen ënnerscheeden an tëscht dem Kuerz- an dem Laangfristegen.

Investissement an de Logement - Reportage François Aulner

D’Präisser sinn nämlech haaptsächlech bei den ale Wunnengen staark zeréckgaangen (- 15% op bal 2 Joer gekuckt). Déi Baisse, combinéiert mat méi Indextranchen a Kafkraaft géingen erklären, datt et an deem Segment nees eng méi staark Demande a méi Aktivitéit gëtt. Par konter war d’Baisse vun de Präisser bei neie Projeten maximal 8% an dowéinst wier d’Aktivitéit an deem Segment nach ëmmer 5 Mol méi kleng ewéi a normalen Zäiten.
 
Vun dohier wier et dem Julien Licheron no kuerzfristeg noutwendeg, anzegräifen an d’Demande vun den Investisseuren ze stäerken. Hien ass och optimistesch, datt wann d’Demande och do nees méi staark gëtt, d’Präisser net méi wäerten explodéieren ewéi an der Vergaangenheet. Firwat? Ma well de Kafkraaftverloscht, deen d’Zënshaussen verursaacht hunn, gewisen hunn, datt dann d’Demande och abrécht. D’Präisser hätten eben Niveauen areecht, déi d’Stéit sech net méi kéinte leeschten. 

Haaptzil: Offer stäerken

D’LSAP, déi Gréng an déi Lénk warnen awer ëmmer nees, datt déi Mesuren besonnesch d’Promoteuren géinge beräicheren, ouni datt wesentlech méi géing gebaut ginn an d’Präisser deemno héisch bleiwe géingen. De Julien Licheron äntwert: "Et ass kloer, datt mëttel- a laangfristeg den Haapt-Objektiv dee muss sinn, fir d’Offer mat alle Mëttelen déi et ginn, ze stäerken". An där Hisiicht hätt de Staat och de Promoteure Léisunge ginn, déi se villäicht virdrun net haten, ewéi zum Beispill déi ugekënnegt vereinfacht administrativ Prozeduren. Dat alles géing an déi richteg Richtung goen.
 
De Julien Licheron weess och, datt esouguer wann al Wunnengen deels 20% méi bëlleg gi sinn, vill Stéit nach ëmmer Problemer hunn, en Daach iwwert dem Kapp ze fannen. Fir hie bleift et dowéinst kruzial, d’Offer méi koherent mat der Demande ze maachen. De Fuerscher stellt fest, datt de Stock vun abordabelen a soziale Wunnengen hei am Land joerzéngtelaang e Retard hat. Hien erkennt awer bei der Regierung den Objektiv fir genee do ze handelen. 
 
Et wier och evident, datt bei all sengen Aktiounen, d’Politik misst op den Timing oppassen a reaktiv sinn op déi aktuellst Entwécklungen um Wunnengsmaart.