De John Petry soll neie Procureur général d'Etat ginn
© Service Communication et Presse de la Justice
De Conseil national de la Justice deelt an engem Schreiwes mat, dass en der Justizministesch Elisabeth Margue de John Petry proposéiert huet.
Hie soll d'Successioun vun der Martine Solovieff z'iwwerhuelen.
De John Petry war bis ewell Procureur général d'Etat adjoint. D'Procureur général d'Etat Martine Solovieff geet den 1. Februar a d'Pensioun. Si mécht dat néng Méint virum erreeche vun der Alterslimitt vun 68 Joer.
Zanter bal véier Joerzéngten ass d'Martine Solovieff an der Magistratur aktiv. Am Joer 1999 ass si vum Stater Parquet bei de Parquet Général bei d'Cour Supérieure gewiesselt. 2015 war si an der Successioun vum Roby Biever als Procureur Général d'Etat nominéiert ginn.