Wéi d'Police matdeelt, koum et an der Nuecht op e Freideg zu engem Abroch an der Industriezon Jauschwis um Rouscht.

Den Abroch an e Buttek fir Bau- a Bastelproduiten ass kuerz no Mëtternuecht e Freideg geschitt. Méi Detailer huet d'Police net genannt a sicht an deem Kader dann och no Zeien.

Wien ëm de genannten Zäitraum eppes Verdächteges gesinn huet - Aktivitéiten, Persounen oder Gefierer - oder soss nach Informatiounen huet, soll bei der Mierscher Police um (+352) 244 90 1000 uruffen oder e E-Mail schécken op police.mersch@police.etat.lu.