Géint 6.20 Auer e Méindeg de Moie koum et zu engem uergen Accident op der N3. Wéi de CGDIS schreift, koum fir de Motocyclist all Hëllef ze spéit. 

D'Police huet e Méindeg am Nomëtteg Prezisiounen zum Accident ginn. Éischten Informatiounen no hätt den 39 Joer ale Motocyclist beim Iwwerhuele vun engem Bus op der Streck vun Alzeng a Richtung Schlammestee d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer a wier op d'Géigespuer geroden a gefall. Do wier hie mat zwee Autoe kollidéiert, déi him entgéintkoumen.

D'Secouriste konnten op er Plaz just nach den Doud vum 39 Joer ale Mann feststellen.

D'Streck huet misse gespaart ginn an de Miess- an Erkennungsdéngscht gouf geruff. Kuerz no 14 Auer ass d'Streck nees fir den Trafic opgaangen.

D'Police sicht am Kader vum Accident elo no Zeie, déi Informatiounen zum Accident kënne ginn. Si si gebieden, sech um Stater Policebüro ze mellen, dat ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 40 1000 oder per E-Mail u Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu.