Wéi abordabel Wunnengen un de private Marché verluer ginn
De Bestand u sozialen oder abordabele Wunnenge soll weider wuessen. Dat ass eng politesch Prioritéit.
An der Vente sinn dat dacks Immobilien, déi ënnert dem Bail Emphytéotique stinn. Dat bedeit, dass e Bien méi gënschteg ass, well den Terrain net mat verkaf gëtt, mee weiderhin enger Gemeng oder engem ëffentleche Bauträger, wéi der SNHBM oder dem Fonds de Logement, gehéiert. Ma eng ganz Rei esou Immobilie sinn awer souzesoen dem soziale Wunnengsmaart "verluer" gaangen. Nämlech un de privaten Immobiliëmarché.
Ee Beispill fir de Problem ze illustréieren, ass e Bien an der Haaptstad. Aus dem Kadaster geet däitlech ervir, dass den Terrain, op deem d’Appartementsgebai steet, der Stad Lëtzebuerg gehéiert. Rezent ass d’Wunneng vun 100 Metercarré awer op engem Immobiliesite fir 850.000 Euro ugebuede ginn. De Metercarréspräis läit also bei 8.500 Euro.
De Patrick Goldschmidt, Stater Schäffen, erkläert, dass d'Appartement 2012 fir bal 4.700 Euro de Metercarré verkaf gouf. De Kontrakt huet e Virkafsrecht vun 12 Joer virgesinn. Dat ass also elo eriwwer an domadder dierfen d'Proprietären um private Marché verkafen. Dat bedeit awer och, dass déi deemools nach abordabel Wunneng, no nëmmen 12 Joer fir 380.000 Euro méi ka verkaf ginn. D’Stad Lëtzebuerg behält zwar den Droit d’Emphytéose, wat och an der Annonce dra steet. Abordabel ass se awer net méi.
Sozial oder finanziell Krittären, fir d’Wunneng dierfen ze kafen, ginn et elo beim Weiderverkaf nämlech net méi. Dat confirméiert de Stater Schäffe Patrick Goldschmidt. Et hätt een awer mat der Zäit geléiert an antëscht déi méi rezent Kontrakter ugepasst.
Och bei den ëffentleche Promoteure wéi dem Fonds de Logement oder der SNHBM sinn abordabel Immobilien um private Marché verluer gaangen. Genee Zuele ginn et keng, ma de Fong äntwert schrëftlech: "Nous estimons qu’une grosse partie des logements construits et vendus entre 1979 et 2013 sont susceptibles d’être revendus sur le marché privé, de part la loi appliquée avant 2013."
De Jacques Vandivinit, Direkter vum Fonds du Logement, nennt dat e grousse Problem. Well abordabel Immobilien esou der ëffentlecher Hand verluer ginn. Zanter der Gesetzesännerung gëtt d'Virkafsrecht awer net méi just op eng kuerz Durée applizéiert, mee op déi ganz Dauer vum Bail Emphytéotique. An dat entsprécht 99 Joer. De Fonds de Logement keeft d’Wunneng oder d’Haus also zeréck a verkeeft se dann erëm abordabel weider, ëmmer ouni den Terrain ze verkafen.
Dass et haut net méi méiglech ass, abordabel Wunnengen um private Marché ze verkafen, wier e wichtege Schrëtt gewiescht, esou den Direkter vum Fonds du Logement. Well onbedéngt muss dofir gesuergt ginn, dass abordabel Wunnengen och an der Abordabilitéit bleiwen an déi Leit se kënne kafen, déi soss um private Marché näischt géinge fannen.
Och wann déi genee Krittäre kënne variéieren, ass dat haut ganz allgemeng fir Immobilie vun ëffentlechen Träger garantéiert.
D’Stad Lëtzebuerg huet aktuell ronn 40 Wunnengen an Haiser am Verkaf. De Patrick Goldschmidt schwätzt vu weideren dausenden Immobilien, déi bäikomme sollen. Dës sollen dann och wann d’Proprietäre wëlle verkafen, net méi um private Marché kënne landen, mee weider an ëffentlecher Hand bleiwen.