"De Mamer Lycée ass eng gutt Schoul", esou de Claude Christnach, deen no 14 Joer als Direkter vum Lycée zu Mamer, net méi fir en drëtt Mandat kandidéiert.

Iwwerdeems zanter Méint iwwert e Malaise am LJBM bericht gëtt, wieren a sengen Aen d’Schüler, d’Elteren an de Gros vun den Enseignanten zefridden. Am Juli hat d’Enseignantsgewerkschaft SEW/OGBL wéinst "internen Dysfonctionnementer" a "Kommunikatiounsproblemer" ëffentlech Alarm geschloen. Reporter.lu huet iwwert eng Rei Faite bericht, déi "Mismanagement" oder "Kontrollwan" géifen erëmspigelen.
 
Am RTL-Interview seet de Claude Christnach kloer: déi aner Direktiounsmemberen vum Mamer Lycée an hien als Direkter "hunn eis näischt ze reprochéieren". D’Accusatioune wieren "haltlos", "belanglos". Et wiere Saachen, "déi net am Kontext gesi gi sinn an déi net hätten dierfen no bausse kommen". D’Aart a Weis ewéi bericht ginn ass, hätt "perséinlech" eppes bei him ausgeléist an hien hätt dowéinst seng Decisioun geholl.
 

"Do sinn nach eng Partie Saache mat Sécherheet net ofgeschloss"

 
Den Nach-Direkter vum Mamer Lycée (bis den 31.12) seet, hie wier sech bewosst, datt d’Schoulen am Ëmbroch sinn, zum Beispill wéinst der Digitalisatioun. Hien ass awer der Meenung, datt déi meescht Enseignanten gär zu Mamer am Lycée schaffen. Eng Ëmfro vum SEW/OGBL, där no 89% vun den Enseignanten an deem Lycée eng "ugespaant" oder "ganz ugespaante Situatioun" géinge spieren, relativéiert de Claude Christnach: "Dat ass schonn ee Beispill, ewéi d’Saache falsch duergestallt ginn!" Hien hält dru fest, datt manner ewéi d’Hallschent vun den Enseignantë un der Ëmfro deelgeholl hätten. An trotzdeem hätt d’Direktioun un hirer Kommunikatioun geschafft, ënnersträicht hien.
 
Op ee Beispill ugeschwat, wou Reporter.lu no den Direkter eng Mataarbechterin opgefuerdert hätt, Aussoe vun Enseignantë géint hie bei him ze mellen, sot de Claude Christinach hie wéilt sech "iwwert Dossieren, déi nach en cours sinn", net äusseren. Hie wollt och net soen, ob hien da juristesch Schrëtt wéinst Falschaussoen an d’Ae faasst. Mee hie sot awer: "Do sinn nach eng Partie Saache mat Sécherheet net ofgeschloss. Och an e puer Méint nach."