Grousse Malaise alarméiert Syndikat a Politik

Lycée Josy Barthel Mamer: Trotz dem sportleche Patréiner schéngt d'Direktioun et beim Personal net ëmmer esou genee ze huele mam Fairplay, wann een den Enseignanten nolauschtert.
Am Lycée Josy Barthel rumouert et – zanter Laangem. Elo ginn eng Partie Proffe fort, well se d'Behuele vun der Direktioun einfach net méi verdroen.
E "grand malaise" als "Konsequenz vun internen Dysfonctionnementer a Kommunikatiounsproblemer". Datt et esou een am Lycée Josy Barthel zu Mamer (LJBM) gëtt, sollen am November 2023 eng 80 Enseignanten an Enseignanteën ënnerschriwwen hunn. An enger Zort "Safe Room" am Kader vun enger Weiderbildung konnt d'Léierpersonal sech deemools zu hiren Aarbechtsbedingungen äusseren. Organiséiert gi war déi "Formation continue" vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft (SEW) vum OGBL. Iwwer dee Malaise gouf RTL-Informatiounen no deemools och de Ministère informéiert.
Den Educatiounsministère hätt dann och reagéiert: E Life Coach mat engem oppenen Ouer fir d'Personal, dat sech gemobbt fillt, an e Coaching fir d'Direktioun wieren agesat ginn. Dat hätt d'Saach awer net gerett, well a punkto Organisatioun a Kommunikatioun wier et net besser ginn, esou e betraffene Proff am Gespréich mat RTL. Dëse Proff, deen anonym bleiwe wollt, deem seng Identitéit RTL awer bekannt ass, geet haart mat der Direktioun an d'Geriicht: E schwätzt vun enger "toxescher Ambiance", vun "Drock", dee wéinst Dommheeten op d'Leit ausgeüübt géif ginn, vun e sëllegen Zorte vun Harcèlement, vu schlechtem Féierungsstil, vu feelendem Respekt am Ëmgang mat de Leit a vun enger katastrophaler Kommunikatioun.
Stëmmung: ugespaant bis ganz ugespaant
Ganz aus der Loft gegraff schéngen dës Virwërf net: E rezente Sondage vum SEW soll beleeën, datt et – trotz Coaching – nach ëmmer e Malaise am Mamer Lycée gëtt: 89 % vu ronn 100 Enseignantë schwätzen deemno vun enger ugespaanter oder ganz ugespaanter Stëmmung. De Radio 100,7 zitéiert e Freideg d'Vera Dockendorf, Spriecherin vum SEW/OGBL, mat de Wierder: "Mir waren eigentlech selwer zimmlech erféiert, wéi schlecht d’Stëmmung awer trotzdeem am Lycée nach ass."
D'Resultat vun där schlechter Stëmmung: Eng ganz Partie Proffe verloossen de Mamer Lycée, obwuel se eigentlech gäre bleiwe géifen. RTL-Informatiounen no eleng 4 Mathésproffen* an nach eng Partie aner gestanen Enseignanten, déi deelweis vun Ufank un am Mamer Lycée waren, deen Ufank 2024 säin 20. Gebuertsdag gefeiert huet. Ënnert dem Stréch sollen eng zéng Leit goen.
Den Educatiounsministère confirméiert eng Partie Departen, huet awer liicht aner Chifferen an nuancéiert och hir Zuel:
"8 Enseignantë wëllen den LJBM um Enn vun dësem Schouljoer verloossen. Dat ass liicht iwwer der nationaler Moyenne, awer absolut vergläichbar mat anere Lycéeën. 12 Enseignanten hunn eng Kandidatur gestallt, fir an den LJBM kënnen ze goen."
Dat alles hätt dann och keen Impakt op d'Rentrée: D'Schoulorganisatioun a -qualitéit am LJBM wieren assuréiert. An iwwerhaapt wier dat Ganzt net weider aussergewéinlech, esou de Ministère e Freideg an enger E-Mail un RTL:
"Wéi an allen anere Secteuren och ass et am Schoulbetrib eng Normalitéit, datt deen een oder anere Member vum Personal emol wëll d'Gebai wiesselen, dat aus ganz ënnerschiddleche Grënn. D’'nzuel vun de Wiessele variéiert vu Joer zu Joer a vu Lycée zu Lycée, ass awer konstant ganz geréng (ëm 1%) par rapport zum ganze Corps enseignant."
Minister an Deputéiert schwätze vu "Malaise"
Nawell schéngt d'Situatioun am Mamer Lycée den normale Kader ze sprengen. Dorop deit op d'mannst eng Ausso vum zoustännege Minister Claude Meisch. Géintiwwer dem Radio 100,7 sot en e Freideg: "Fait ass awer, dass et ee Malaise gouf an och gëtt an där Schoul. An dat preoccupéiert eis."
Och d'LSAP-Deputéiert Francine Closener schwätzt an enger (nach net beäntwerter) Question parlementaire vum 25. Juni vun engem "gewësse Malaise [...] tëscht der Direktioun an dem Personal". Vum Minister Claude Meisch wëll si ënnert anerem wëssen:
"Envisagéiert den Här Minister Moossnamen ze huelen, fir d'Klima am LJBM ze verbesseren? Wa jo, wéi eng Moossname wieren dat? Wéilt den Här Minister en onofhängegen Audit maache loossen? Wat gedenkt de Minister ze ënnerhuelen, fir och weiderhin eng héich qualitativ Ausbildung vun de Kanner am LJBM ze assuréieren?"
Et geet also ganz kloer ëm Moossnamen – Moossnamen, fir d'Situatioun ze verbesseren. Oder wéi e Betraffenen et ausgedréckt huet: Et wieren ze vill Saache geschitt, déi an enger pedagogescher Sphär einfach net dierfte geschéien, an iergend eng Kéier misst een dann och Konsequenzen zéien. En Hëllefsappell un d'Adress vum Ministère.
"Am Toun vergraff"
Am SEW-Sondage gëtt d'Kommunikatioun mat der Direktioun als de gréisste Problem genannt, mat deem d'Leit am berufflechen Alldag ze kämpfen hätten.
Datt d'Kommunikatioun wierklech e Problem duerstellt, confirméiert och en zweeten Enseignant, dee bereet war, mat RTL ze schwätzen, awer komplett anonym wollt bleiwen. Och hie verléisst de Lycée Josy Barthel, zeechent awer en nuancéiert Bild vun der Situatioun. E puer Usätz vun der Direktioun wieren net onbedéngt schlecht, mee se géife schlecht kommunikéiert an och net erkläert ginn. A bei Meenungsverschiddenheete géif sech heiansdo am Toun vergraff ginn. E puer Kolleegen hätte sech doropshi gesot, dat misste si net weider matmaachen, si géifen net méi acceptéieren, datt ee sou mat hinne schwätzt.
U sech wieren d'Ambiance ënnert dem Personal an d'Stëmmung ënnert de Schüler awer gutt, betount dësen zweeten Enseignant. Him läit um Häerz, datt keen eesäiteg negatiivt Bild vum Mamer Lycée gezeechent gëtt.
Problemer schonn zanter 2021?
Am RTL-Gespréich ware béid Proffe sech eens, datt et zanter 2021 rumouert. Deemools war e Proff zum Directeur adjoint genannt ginn an zanterhier hätt sech villes zum Schlechten entwéckelt, besonnesch wat déi tëschemënschlech Relatiounen ugeet.
An hir Kloe si breet gefächert: Se reeche vun engem grave Verstouss géint den Dateschutz an enger Plenière an Drock op Proffe wéinst hire Portraitsfotoen am Kommunikatiounsoutil Teams iwwer "Stasimethoden", well een zum Beispill den Teamsaccount vum Schülercomité kontrolléiert hätt, bis zu ganz allgemeng soziale Kompetenzen, déi net ausgepräägt genuch wieren, feelendem Fangerspëtzegefill am Schoulalldag asw. Dat hätt bei Deeler vum Personal zu engem Klima vun der Angscht gefouert an de Management géif sech einfach näischt soe loossen.
Ee vun den zwee Directeurs adjoints hätt, wéi ewell viru méi Laangem annoncéiert, demissionéiert, dat wéinst Divergenze mat anere Membere vun der Direktioun**; iwwer deen anere géif den Direkter ëmmer d'Hand halen.
RTL hat en Donneschdeg och probéiert, mam Direkter vum LJBM Kontakt opzehuelen, en huet eis awer direkt un den Educatiounsministère verwisen.
Deen hat iwweregens och scho mussen intervenéieren, wéi de Lycée d'Beruffsausbildung "Technicien en génie civil" op eemol wollt ofschafen, wat nach laang net all Proff gefall huet. De 25. Juni hat de Claude Meisch dem Francine Closener am Kader vun enger parlamentarescher Fro vum 16. Mee geäntwert:
"... ass et awer kloer, datt d'Formatioun vum Techniker am Génie civil och weiderhi wäert am LJBM ugebuede ginn. Nieft der Tatsaach, datt et ondenkbar ass, esou spéit am Schouljoer eng Formatioun fir dat kommend Schouljoer zouzemaachen, ass et och net ee Lycée, deen aleng iwwert d'Weiderbestoe vun enger Formatioun decidéiert. Esou Decisioune gi vum Educatiounsministère am Partenariat an an Ofstëmmung tëscht dem Service vun der Beruffsausbildung an de Beruffskummere geholl. Deemno wäerten och fir d'Rentrée 2024/2025 Schüler hir Formatioun zum Techniker am Génie civil am LJBM ufänken."
Prett fir Verännerung? Verbesserung?
Wéi konterbosseg déi aktuell Situatioun am Mamer Lycée ass, ënnersträicht och, datt en Donneschdeg den Owend bei der inoffizieller Abschidsparty vu Proffen, déi de Lycée Josy Barthel verloossen, weesentlech méi Enseignantë solle gewiescht si wéi op der offizieller Lycéesfeier fir d'Enn vum Schouljoer.

E Schwamp, fir Tabula rasa ze maachen? Esou einfach dierften d'Problemer am Mamer Lycée net ze léise sinn.
Fir d'Situatioun ze verbesseren, wéilt de Ministère elo eng "Commission des plaintes" virgesinn. Dat iwwerzeegt net jiddereen: Et gesäit een d'Gefor, datt e weidert Schouljoer verluer geet. An et warnt ee virun engem "Trugschluss": Datt elo eng Partie "Rebellen" d'Gebai géife verloossen, géif näischt zum Besseren änneren, well si wieren net de Problem.
Déi hei zitéiert Proffen, déi dem Mamer Lycée de Réck dréinen, maachen dat mat schwéierem Häerz. "Et deet mer leed a wéi, e puer gutt a gewëssenhaft Aarbechtskolleegen hannert mer ze loossen", seet deen een. An deen aneren: "Mir läit um Häerz, datt nees eng besser Stëmmung an de Mamer Lycée kënnt." Esou wéi op der inoffizieller Abschidsparty: Dat wier ee coolen LJBM-Moment gewiescht – "esou, wéi et ëmmer war ..."
Änlech Téin kommen och vun enger anerer Stëmm aus dem Lycée mat aktuell 1.255 Schüler an 171 Enseignanten: De LJBM wier am Fong eng gutt Plaz, fir ze léieren, wann ... Mee vun de Problemer mat der Direktioun kriten déi meescht Schüler zum Gléck näischt mat.
*An der éischter Versioun vum Artikel hate mir vu 5 bis 6 Mathésproffe geschriwwen. Zu de 4 kënnt eisen Informatiounen no nach eng Persoun, déi Mathésproff ass, awer an der Lescht keng Coursë méi ginn huet.
**Dës Prezisioun war an der éischter Versioun vum Artikel net dran.