No de Virwërf iwwer eng schlecht Stëmmung am Lycée Josy Barthel zu Mamer kënnt et elo zu éischte Konsequenzen.

No Nouvellen iwwer de Malaise tëscht der Direktioun an eenzele Proffen an engem ongesonden Aarbechtsklima, deen ënner anerem och den SEW am Summer denoncéiert hat, kënnt et elo zu enger personeller Ännerung um héchsten Niveau.
 
Un der Spëtzt vum Lycée strieft den Direkter Claude Christnach nämlech kee weidert Mandat méi un. Dëst Mandat leeft den 31. Dezember of.

An enger interner Mail un d'Enseignanten, déi RTL virläit, heescht et vum Direkter vum Mamer Lycée, datt hien net méi wäert fir seng eege Successioun kandidéieren. Och eng Proffeplenière, déi u sech fir en Dënschdeg ugesat war, gouf ofgesot.
 
Wien d'Direktesch-Nofolleg am Mamer Lycée untrëtt an, ob et weider Changementer um Niveau vun der Direktioun ginn, ass aktuell nach net gewosst.
 
Nach virun enger Woch hat et aus dem Educatiounsministère geheescht, datt een d'Malaise-Reprochen eescht hëlt an et weider d'Zil wier, d'Klima am Mamer Lycée ze verbesseren. Dofir géif e Coaching vun der Direktioun an eng Mediatioun virgesinn, grad wéi d'Aféiere vun enger Commission de gestion des plaintes.

Ob dës Mesuren elo nach aktuell sinn, sief dohigestallt.