Si géing sech kenge Piste verschléissen, huet d'Sozialversécherungsministesch d’Martine Deprez e Mëttwoch de Moie widderholl.

Och net där Pist, fir d’Recettë vun der Pensiounskeess an d’Luucht ze setzen, wéi OGBL an LCGB dat awer fäerten. Déi haten en Dënschdeg hiren eegene Communiqué gemaach, fir ze soen, d’Ministesch géif elo awer schonn Optiounen ausschléissen, obwuel si eng oppe Consultatioun versprach hat.

Pensiounsdebatt / Reportage Michèle Sinner

"Déi Dier ass net zou, ech hunn dorop reagéiert. Gëschter (en Dënschdeg) hu mer e Communiqué gemaach, dee Wording kënnt der noliesen goen. Do steet alles dran", sou d’Martine Deprez.

Um Gefecht mat Communiquéen a Géigecommuniquéen ass, wann ee sou wëll, de Marc Baum Schold. Den Deputéierte vun déi Lénk hat d’Ministesch gefrot, wéi vill zousätzlech Recetten 2023 fir d’Pensiounskeess Cnap erakomm wären, wann et am Régime général kee Cotisatiounsplaffong géif ginn. D’Äntwert war: Ganz vill - nämlech 706 Milliounen Euro vun de Beschäftegten, de Patronen a vum Staat.

Ma d’Ministesch hat him direkt ongefrot gesot, wéi vill dat de Staat géing kaschten. Och net näischt: ronn 400 Milliounen u Contributiounen a Steierausfäll. Ob d’Regierung dat wéilt bezuelen, hat si net gesot, mee de Marc Baum fäert genee wéi d’Gewerkschaften, datt se dat ausschléisst: "An et ass wierklech schued. Well dat wier ee Wee, dee just fënnef Prozent vun de Cotisantë géif betreffen, nämlech déi Leit, déi méi ewéi 13.000 Euro de Mount verdéngen, déi missten eppes méi cotiséieren. Oder si misste mol dat nämmlecht cotiséiere wéi all déi aner Leit och."

Déi Lénk proposéieren, de Plaffong am Régime générall ofzeschafen, ouni datt déi Cotisanten doduerch méi Pensiounsrechter usammelen. Genee ëmgedréit geet am Spezialregime fir Beamten an Employéen an der Fonction publique: Et gëtt kee Plaffong a wien driwwer ass, sammelt méi Pensiounsrechter, wéi am Privatsecteur. Ass dat da net eng Ongerechtegkeet tëscht Staatsbeamten an deenen anere Leit? De Marc Baum seet:

"Nee. Mir sinn och der Meenung, datt een ee gemeinsame Regime misst hunn, mat deene selwechte Reegelen. Dat géif dann och fir d’Fonction publique bedeiten, datt déi Leit, déi méi wéi fënnef Mol de Mindestloun verdéngen, och do misste cotiséieren, ouni datt se weider Rechter hätten."

Ausser déi Lénk, ass um Krautmaart wéi et schéngt just d’ADR bereet, sech direkt mat de Staatsbeamten unzeleeën - iergendwou mussen d’Sue jo hierkommen, wann ee géint Wuesstem ass. Zwar hätt hir Partei nach net driwwer geschwat, ob de Plaffong gerecht oder ongerecht wier, esou d’Alexandra Schoos, mee dat misst een awer: "Wa mer kucken, wou kënne mer vläicht aspueren a kucken, wou ginn et Ongerechtegkeeten oder net." Et kéint een also vläicht bei de Staatsbeamte Sue spueren? "Wa mer eis Rente kënne garantéiere bei alle Leit, net nëmme bei de Staatsbeamten, mee och bei deenen, déi net beim Staat schaffen, muss een dat och kënnen diskutéieren", confirméiert d’ADR-Deputéiert op Nofro.

D’Djuna Bernard vun déi Gréng ass e bësse méi virsiichteg, wat d’Fro no der Gerechtegkeet a vum Plaffong ugeet: "Also den Objet vun der leschter Reform bei de Staatsbeamte war jo och, datt een déi zwee Systemer méi no beienee féiert. Ech mengen, datt dat wichteg ass, datt een do an Zukunft net auserneen dividéiert, mee zesummeféiert a fir de Rescht kann ech mech elo nach net op dem Detail vun der Fro prononcéieren."

Den André Bauler vun der DP wëll d’CGFP wierklech net rose maachen, dofir seet hien: "Dir hutt dat richteg gesinn, et gëtt dat eent an et gëtt dat anert. Staatsbeamten hunn en oppenen Niveau, déi cotiséieren voll. Jo et si Chifferen, déi elo virun eis leien. Och déi wäert ech mat an eis Fraktioun huelen an da wäerte mer emol doriwwer schwätzen... An ech wëll deem och elo näischt méi bäifügen."

Den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz geet hannert dem Koalitiounsaccord an Deckung. "Wann een e Koalitiounsaccord huet, wou ee seet, et géif een am Privatsecteur driwwer schwätzen, solle mer eis elo mam Privatsecteur beschäftegen, wat awer net ausschléisst, datt mer dono nach emol aner Diskussiounen kënne féieren."

Ass d’Diskussioun doriwwer, firwat et zwee ënnerschiddlech Systemer ginn, domat op en onbestëmmten Datum verluecht? Um Site schwätzmat.lu ginn et anscheinend och Privatleit, déi der Regierung en Eenheetssystem fir jidderee proposéieren. Deemno dierften déi Propose jo an d’Conclusioune vun där Consultatioun afléissen.

Administrativ Käschten auslageren

Eenzege Liichtbléck fir d’Oppositioun, déi sech nach ëmmer wonnert, datt d’Regierung selwer guer keng Richtung fir eng méiglech Pensiounsreform wëll virginn, wier datt et eng Ouverture géing ginn, wat déi administrativ Käschten ugeet.

Dat war deen eenzege Punkt, op deem sech Patronat a Gewerkschaften an hiren Avise fir de Wirtschafts- a Sozialrot eens waren: Wann een all Depensen, déi net an d’Ausbezuele vu Pensioune géinge goen, géif aus der Cnap eraushuelen, géif een e puer Joer gewannen, ier d’Depensen iwwert d’Recetten klammen.

"D’Ouverture huet doranner bestanen, datt d’Regierung gefrot huet, wéi mir géifen zu der Propositioun stoen. Anerer huet se dat net gefrot. Sou datt ech unhuelen, datt dat eppes ass, wat eventuell kéint Konsens sinn”, esou de Marc Baum. De Marc Spautz seet awer, wann een déi Mesure géif préiwen, misst een dëst awer fir déi ganz Sécurité sociale an net just fir Pensiounskeess maachen.