Dat, wat d'Ministesch Martine Deprez als Äntwert op eng parlamentaresch Fro sot, géif net op dat passen, wat si de Gewerkschaften d'lescht Woch sot.

Konkret geet et ëm d'Äntwert vun der Ministesch Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro iwwert den Impakt, wann de Plaffong vun de Cotisatiounen am Pensiounssystem géif opgehuewe ginn.

D'Ministesch schwätzt vun engem Plus vun iwwer 700 Milliounen Euro. Dee Plus u Recettë géif awer mëttelfristeg   opgebraucht ginn duerch méi Depensë wéinst méi Cotisatioune fir de Staat, an och wéinst dem Ofschafe vum Pensiounsmaximum.

Déi Ausso wier am Widdersproch zu deem, wat d'Sozialministesch de Gewerkschafte virun enger Woch sot, esou den OGBL an LCGB.

Bei deem Gespréich hätt d'Martine Deprez ënnerstrach, dass d'Regierung am Dossier Pensiounen ouni virgefaasste Positioun an d'Gespréicher geet. Elo géif d'Ministesch schonn iwwert Ëmweeër eng Optioun ausschléissen. LCGB an OGBL froe sech, ob d'Ministesch wëlles huet, all Diskussioun iwwert méi Recettë fir d'Pensiounskeess ze ecartéieren.