Et ass dacks nach en Tabu-Thema, dobäi ass all Fra fréier oder spéider an hirem Liewen dovu betraff.

Rieds geet vun der Menopause. Dem Zäitpunkt also vun der allerleschter Reegelbluddung a wann d'Eeeërstäck ophalen, ze schaffen.

D'Wiesseljoren zéie sech, wéi den Numm et seet, iwwer e puer Joren. Bei deene meeschte Frae fänkt et am Alter tëscht Mëtt 40 a 50 un. Déi hormonell Ëmstellung ka vu villen, ganz verschiddene Symptomer begleet ginn. Op alle Fall ginn d'Phasen virun, wärend an no der Menopause vun all Fra ënnerschiddlech erlieft, erkläert d'Gynekologin Dokter Juliette Fievez aus dem CHL, déi op de Suivi vun der Menopause spezialiséiert ass. Eng Erklärung, wisou dat esou ass, gëtt et aktuell net. Och wéi laang d'Symptomer daueren, wier bei all Fra ënnerschiddlech.

"Verschidde Patientinne si wärend e puer Méint symptomatesch an dat war et dann, ma bei anere Frae kann dat Joren an Joren daueren."

Et géif Traitementer ginn, hormoneller an och net-hormonell an déi ginn och ëmmer méi effikass. Allerdéngs géif et kee fäerdegt Rezept ginn, dat ee bei jidderengem kéint applizéieren. En Traitement misst individuell un all Fra ugepasst ginn.

Am Kader vum internationalen Dag vun der Menopause, gouf am CHL eng Theaterkomedie opgefouert an eng Konferenz organiséiert. Mam Zil ze sensibiliséieren an oppen iwwert d'Thema Wiesseljoren ze schwätzen.