"Vapeuren" si just Spëtzt vum Äisbierg
Wéinst der héijer Nofro gouf e Samschdeg op der Uni-Pop um Belval scho fir déi zweete Kéier eng Konferenz zum Thema Fraegesondheet a Menopause ofgehalen.
En Thema, iwwert dat an der Gesellschaft dacks net vill geschwat gëtt, an och net an de Cabineten, wéi munch Fraen eis erzielt hunn.
Den Auditoire war och fir des Editioun nees bis op déi lescht Plaze gefëllt, wat dem Guy Brandenbourger bestätegt, datt Handlungsbedarf wier. Den Tabu ronderëm d'Thema Menopause misst ophéieren. Dëst net eleng well op Social Media falsch Nouvellen an deels geféierlech Rotschléi a Wonnermëttel zirkuléieren, ma et wier allgemeng eng Fro vun der Santé Publique, an do misst d'Politik reagéieren, esou den Organisateur vun der Konferenz.

Guy Brandenbourger, Organisateur vun der Konferenz
Wuel ass et vu Fra zu Fra anescht wéi d’Wiesseljoren erlieft ginn, an net all Fra huet Symptomer. Nawell sinn der vill betraff an dacks schonn éiert se sech bewosst wier, wouhier et kënnt. Déi sougenannt Perimenopause ka scho 2 bis 8 Joer virun der Menopause ufänke mat ënnerschiddlechsten Symptomer.
D’Menopause, an der Moyenne ass dat mat 51, dauert fir de franséischen Gynekolog a Cancerolog Dr. Mouly, bis un d’Liewensenn. Dës Phase steet virop als de Schluss vun der Reproduktiver Zäit, wa keng Menstruatioun méi stattfënnt. D’Mënsche ginn haut méi al an dohier kommen elo all déi Problemer. All Fra soll awer dierfe gesond al ginn, ma d’Erofgoe vum Fraenhormon Oestrogen, dat dann inevitabel ass, bréngt vill Problemer, vill méi wéi déi sougenannt Hëtzten oder Vapeuren, déi wiere just d'Spëtzt vum Äisbierg.

© Violetta Caldarelli
Virop schützt dëst Hormon bis zur Menopause viru kardiovaskuläre Krankheeten. A Frankräich z.B. stierwen awer genee dodrun all Dag 200 Fraen tëscht 45 a 55 Joer. Vill Frae fäerten eng Hormon-Therapie unzefänken, dobäi géifen et do vill nei Erkenntnesser, datt vill Frae se preventiv kéinten huelen, souguer fréier Kriibspatientinnen.
An England gouf et rezent eng Breed Campagne fir Menopause an der Gesellschaft ganz anescht unzegoen. Dobäi gouf ënnert anerem festgeluecht, datt och Hiewannen esou hormonell Traitementer verschreiwen däerfen. An Zesummenaarbecht mam Dokter kann esou och de Suivi vun der Patientin vill méi effikass gemaach ginn. Schonn Enn 2021 hat déi Brittesch Regierung och Recommandatiounen erausginn, fir Employeuren, wéi Fraen an de Wiesseljoer op der Aarbecht ka gehollef gi besser duerch den dacks rabiaten Ufank vun där Liewensphas ze kommen. Dëst och well et och en ekonomeschen Impakt huet an dat net eleng duerch Feelzäiten, ma och well ganz Karriären doduerch onnëtz endegen.

© Violetta Caldarelli
Duerch den hormonelle Changement an de Wiesseljoren kënnen nach vill aner Krankheeten ausgeléist, respektiv de Risiko eropgoen. Dozou zielen Diabetes, chronesch Blosenentzündungen, Insomnien, Depressioun, Iwwergewiicht, Alzheimer an och Osteoporos, wou d’Schanke brécheg ginn. Donieft verléiere Fraen och hier Muskelmass, dat kënne bis zu 50% sinn, wann ee bis 70 Joer al ass. D'Preventioun geet dohier z.B och iwwer Kraaftsport a gesond a proteinräich Ernierung, souwéi de Suivi vu medezinesche Fachleit, déi een dobäi begleeden, bis nees alles am Gläichgewiicht ass.
Ënnert dem Public ware souwuel Frae wéi och Männer, de Constat war awer bei béide Geschlechter de selwechten, et misst vill méi informéiert ginn.
E Mëttwoch kënnt an dësem Kontext en Top Thema Reportage am Magazin op der Tëlee, mat Temoignagen an Experten am Interview. Do geet et dann och ëm d'Menopause beim Mann, der Andropause.