Sollte virun engem Mount ukommenVerschidde Klassen am Secondaire waarden nach op hir Tablet-Computeren

RTL Lëtzebuerg
Et stëmmt, datt et am Secondaire Klassen ginn, déi nach ëmmer op hir Tablet-Computere waarden, déi u sech hätte sollte virun engem décke Mount ukommen.
© pixabay

Den Educatiounsministère schwätzt vu Liwwerschwieregkeete bei Accessoiren ewéi Tastaturen a Stëfter, sou datt et nach bis Mëtt November dauert, bis datt all 8.500 nei Tabletten an de Lycéeën ukommen.

Rumeuren, datt et Changementer am System vun der Facturatioun vun den Tablette ginn, déi d’gréng Deputéiert Djuna Bernard an enger parlamentarescher Fro opgeworf hat, stëmmen net.

Wéi de Minister Claude Meisch präziséiert, ginn am Fall vu Schied, Vol oder Verloscht vun engem Tablet, jee no Alter vum Apparat tëscht 70 an 450 Euro als Rescht-Wäert berechent.

D’Tablette ginn iwwerdeems de Schüler fir eng 50 Euro d’Joer zur Dispositioun gestallt.

Back to Top
CIM LOGO