D'Etüd mécht op d'extreem Belaaschtung vum Gesondheetspersonal wärend der drëtter Covid-Well uechtert Europa opmierksam.

Ee vu véier Infirmieren oder Infirmièren hat Symptomer vun enger schwéierer Depressioun. D'Personal op den Intensivstatiounen hat dacks héich Stresswäerter oder Angschtzoustänn. Am Verglach zu den Doktere wier den Angschtniveau beim Fleegepersonal signifikant méi héich gewiescht - virun allem bei deenen, déi direkte Kontakt zu Covid-Patienten haten

Ënnert anerem dat geet aus enger Etüd ervir, un där sech eng Fuerschungsgrupp vun der Rehaklinik vum Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique (CHNP) bedeelegt huet. Bal 1.400 Leit am Gesondheetswiesen hate bei der Etüd matgemaach.

Ee Resultat, dat besonnesch an d'Ae stécht ass, datt Fleegepersonal, dat verstäerkt sozial Medie consultéiert huet, méi héich Stresslevelen oder verstäerkt Angschtzoustänn hätt. Wéi et an engem Schreiwes vun der CHNP heescht, géif d'Etüd virun allem ënnersträichen, wéi dréngend d'Fleegepersonal an den éischte Reien an d'Personal op den Intensivstatioune missten ënnerstëtzt ginn, fir permanent psychescht Leed ze geréng ze halen.