Op der N7 bei der Haaptstrooss zu Houschter Déckt huet d'Police e Méindeg am Nomëtteg eng Rei Automobilisten aus dem Verkéier gewonk.

D'Beamte wollten ënnert anerem kontrolléieren, ob d'Leit hannert dem Steier hiren Handy géife benotzen. Och ob si e Gurt unhaten, an den allgemengen Zoustand vun den Autoe gouf kontrolléiert.

Alles an allem hunn 22 Leit missen e Protokoll bezuelen. Fir ee Chauffer sinn 250 Euro a 4 Punkte fälleg ginn, well hien um Telefon war. An zwee anere Fäll waren entweder Chauffer oder Bäifuerer net ugestréckt (145 Euro an 2 Punkten).

Ee Chauffer konnt seng Versécherung net virweisen (24 Euro), wärend direkt e puer aner Automobilisten erausgewonk goufen, well hier Pneuen net méi genuch Profil haten. Ee Camionschauffer krut iwwerdeems ee Protokoll, well hien d'Transitstrooss onerlaabt verlooss hat.

"Wanterzäit"-Kontroll zu Nidderkäerjeng

E Méindeg de Moien huet d'Police dann och nach am Süde vum Land eng Kontroll gemaach, fir ze kucken, ob d'Autoen dann och all wanterfest wieren. Dobäi louch den Haaptfokus op de Pneuen, de Luuchten an dem allgemengen Zoustand vum Gefier. Nach bis Enn Dezember wäerte landeswäit ëmmer nees Kontrollen am Kader vun der "Wanterzäit"-Campagne gemaach ginn.

A 15 Fäll goufe Mängel bei de Luuchte festgestallt, wärend bei dräi Autoen d'Pneuen net méi gutt waren. Véier Automobiliste krute Protokoller, well si hir Pabeieren net derbäi haten. Een Automobilist war iwwerdeems ugestréckt, wärend een aneren den Handy benotzt huet. Ee Chauffer krut e Protokoll well hie kee Fürerschäin hat, wärend een aneren en Nummereschëld hat, dat net richteg festgemaach war.

RTL

© Police