Dräi Mol huet et geknuppt, zwou Persoune goufe blesséiert
© RTL
En Dënschdeg de Mëtteg waren d'Rettungsekippe vum 112 op dräi verschidden Accidenter geruff ginn. Bei zwee dovu gouf et jeeweils ee Blesséierten.
Zu Housen an der Haaptstrooss koum et géint 11.10 Auer zu enger éischter Kollisioun tëscht zwee Autoe mat engem Blesséierten. Op der Plaz waren d'Ambulanciere vun der Nordstad an d'Pompjeeë vun Housen.
D'Rettungsdéngschter vu Lëntgen a Miersch waren iwwerdeem eng 10 Minutte méi spéit op de Mierscherbierg geruff ginn, wou et och tëscht zwee Ween geknuppt hat. Hei gouf awer keng Persoun blesséiert.
Ee weidere Blesséierte gouf et da kuerz viru 14.30 Auer bei enger Kollisioun an der Haasseler Strooss zu Siren. Hei war eng Ambulanz aus der Stad zesumme mat de Pompjeeë vu Weiler-zum-Tuer, Mutfert an Duelem um Asaz.