Den Duercherneen bei der Piratepartei geet an enger weider Ronn. Virun dräi Joer soll sech de Marc Goergen Sue geléint hunn.

Den 100komma7 huet e Méindeg de Moie gemellt, dass den Deputéierte Marc Goergen dem parlamentaresche Grupp vun de Piraten ronn 33.000 Euro schëlleg wier. Et géif sech ëm ee Prêt ouni Zënsen handelen, fir fälleg Steiergelder ze begläichen.

De Marc Goergen huet op RTL-Nofro präziséiert, dass hien déi Sue vum Prêt e Méindeg zeréckiwwerwisen hätt. Dëst huet hie spéider och op de soziale Reseaue confirméiert a vun engem "Feeler" geschwat, esou een temporäre Kredit ugeholl ze hunn. D'Piratepartei wier zu kengem Ament involvéiert gewiescht an elo wier déi finanziell Schold beglach.