Bei SES ass confirméiert, datt et e Sozialplang wäert ginn. 80 Aarbechtsplaze sti beim Lëtzebuerger Satellitten-Operateur um Spill.

Dat schreiwen d'Gewerkschaften OGBL an LCGB an engem Communiqué an denoncéieren dee Sozialplang, deen d'Direktioun de Mataarbechter um Freideg annoncéiert huet. Dat Ganzt wier skandaléis, sou d'Syndikater.

Amplaz vun engem Sozialplang sollt e Plan de maintien dans l'emploi negociéiert ginn.

D'Direktioun hat am Oktober schonn tëscht den Zeile wësse gedoen, datt Changementer kéimen. 
Bei der neier Strategie vun SES géing et just drëm goe, Käschten ze spueren, soen d'Gewerkschaften. Parallel géing d'Direktioun sech selwer gutt bezuele loossen.

D'Gewerkschafte maachen den Appell un d'Regierung, fir an deem Dossier ze intervenéieren. Ëmmerhin hält de Staat zu Betzder en Drëttel vun de Parten, sou OGBL an LCGB.