Finanziell Inclusioun, och fir Leit a prekärer Situatioun
Bei dësem Evenement am Neimënster komme Professioneller aus deem Beräich an Experte beieneen, fir sech iwwer d'Besoinen a Méiglechkeeten auszetauschen.
Zil ass eng finanziell Inklusioun. Also och Populatiounen a prekärer Situatioun Zougank ze ginn zu abordablen an nohaltege Finanzservicer. Um zweeten Dag en Donneschdeg stoung d'Situatioun vu Flüchtlingen am Mëttelpunkt.
Enn 2023 waren der UNO no weltwäit méi wéi 117 Millioune Mënsch bannent oder baussent hirem Heemechtsland op der Flucht. D’Majoritéit vun de Leit, déi hiert Land verlooss hunn, bleiwen op d’mannst 5 Joer an deem Land dat se acceuilléiert. Dat wier wichteg fir Finanzinstituter ze verstoen, esou d’Micol Pistelli, Senior Financial Inclusion Officer bei der UNHCR.
“Mir sinn hei op engem Forum fir d’finanziell Inklusioun a mir schwätze mam Privatsekteur iwwert d’Avantagë fir Betriber fir an hire Länner Servicer unzebidde fir Leit déi verdriwwe goufen. Wann ee gesäit, dass dat eng laangwiereg Situatioun ass, dass déi Leit net séier nees fort sinn, doduerch entstinn och Opportunitéite fir Servicer unzebidden.”
75 Prozent vun de Flüchtlinge liewen a Länner mat nidderegem oder mëttelem Akommen, 21 Prozent an deenen am mannsten entwéckelte Länner. Finanziell Léisungen déi Flüchtlinge kéinten ze gutt komme géingen dacks schonn existéieren, et géing just drëm goen se och fir dës Populatioun unzewenden. A Länner an deenen d’Flüchtlinge fundamental Rechter hätte wéi d’Recht op Aarbecht an d’Recht op Beweegungsfräiheet, a keng gesetzlech Hürde fir e Konto opzemaachen, wier dat natierlech méi einfach wéi an anere Länner, ma och do géingen et Méiglechkeete ginn.
An Uganda hätt d’UNHCR zum Beispill och gesinn, dass d’Flüchtlingspopulatioun hir Prêten nach méi zouverlässeg zréckbezillt, wéi den nationalen Duerchschnëtt. Op enger Table ronde zu deem Thema huet och d’Diana Salume Aqrchet, Senior Programme Associate for Refugee Financial Inclusion bei der Opportunity Bank an Uganda, iwwert hir Erfarungen an deem Beräich geschwat.
“Mir hu festgestallt, dass Flüchtlinge Suen Doheem gesammelt hunn, a Këschten, an et gouf keen dee finanziell Servicer ugebueden huet an hirem Camp. Et ware vill Suen am Haus, mee et war eng Angscht do fir se enzuerch hinzebréngen an et gouf keng Bank. D’Flüchtlingen hu sech eng Bankomatskaart gedeelt an ee Member aus der Communautéit ass domat 50 Kilometer getrëppelt fir ophiewen ze goen an duerno zréckzekomme fir d’Suen ze verdeelen.”
Dowéinst hätt een eng Bank am Camp opgemaach an hätt do och Aarbechtsplaze fir Flüchtlinge geschaaft a Berodungsservicer opgebaut, fir zum Beispill e Betrib ze grënnen.